Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 3 Antworten
und wurde 414 mal aufgerufen
 Matchs
Bim Offline



Beiträge: 115

16.04.2007 16:52
leschte weekend Antworten

Salut alleguer,
Sidd der all entschlof? as et di stuark sonn? oder d'fréijoorsmiddegkeet? Eis Equipen sinn jo glecklecher weis dovun verschount bliwwen. eise poussins a minimes well ech op deser plaz félicitéieren datt si alt nees an der coupefinal stinn. also mierkt iech elo schon

AN DER COQUE:

Minimes: Samsdes, den 12.05 um 16.15 Auer

Poussins: Sonndes den 13. 5 um 11.00 Auer

Finale oho !!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!


eiser 1. Equipe och meng félicitatiounen fir hir lacker victoire am héige norden. ech fréen mech schon op e samsden.

a last but not least och e bravo fir di al haeren azus der 2. di geint beetebuerg och naischt ubrennen gelooss hun. an dat ouni den heacki (oder as dat de grond fir di méi wi kloer victoire)

ech hun d'gefill wi wa mer gudd lanceiert wieren ander leschter ligne droite vun deser saison

ALLEZ MAER

aere PIVOT 2020

@l@in Offline



Beiträge: 32

17.04.2007 01:18
#2 RE: leschte weekend Antworten

Sin jo net grad vill Leit dei epes zu deen victoiren vum week-end ze erzielen hun. Majo dann mellen ech mech einfach mol zu Wuert.

Also durch eis souverän Victoire kenne ma eis mat der 2. weider aus dem Tabellenkeller zeien. Mee nächst Woch geet et geint Kaerjheng wat wuel bessen mei sauer waert gin, zumols well Bascharager Abiteren vum Week-end lo schon e gewessen Wessensfirsprong hun

Bis dohinner

Aer nei Nummer 10

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

17.04.2007 14:25
#3 RE: leschte weekend Antworten

Dat as jo wéi Samschdes am "Cauchan"! Et kënt een jo nët bäi fir seng Meenung hei ze schreiwen...
Also wat mir geleecht hun de Weekend léisst sech jo absolut weisen.
Ech hoffen dann och dat mir op eiser Lancée bleiwen an de Schluss vun der Saison mat Fréed an guddem Gewëssen zu Enn spillen!

Hooligan Offline



Beiträge: 138

17.04.2007 14:48
#4 RE: leschte weekend Antworten

Ech mengen daat hoffen mer alleguer Jo, an och datt de Championstitel mol rem eng Keier ob Esch kent. De nächsten Weekend waert et zielen, an ech mengen datt mer dei Bierchemer packen kennen, jo souguer waerten. Lo bleiwt nemmen nach sech ze wenschen datt d'Haal waert voll sinn, da steet engem gudden Match naischt mei am Wee.

Och eis 2. probeiert alles dei lescht Matcher erfollegraich ze gestalten an nach sou vill wei meiglech Punkten ze huelen, Optakt dofier e Samsten geint Bascharage.

Bis dann

Aeren Hauli

 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz