Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 32 Antworten
und wurde 1.756 mal aufgerufen
 Matchs
Seiten 1 | 2 | 3
häckefransous Offline



Beiträge: 763

20.11.2006 09:08
DIDDELDENG - ESCH Antworten

huhu dir

back from cologne! gudden awer extrem kurzen evanescence concert gesinn, an en 7-4 vun den kölner haie geint iserlohn! just fir dei dei et interesseiert

wei huet eisen verein dann de weekend oofgeschloss???

huet den dany sein tricot weinstens gudd verkaaf???

merci fir infos

HB ESCH II - TOO GOOD TO BE BAD (oder ömgedreint???)

ären häckefransous

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

20.11.2006 09:31
#2 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Leider verluer!
Den Trikot as dem Ricky sengem Papp an d'Gesiicht geflunn, alt nach eng onverständlech Aktioun vun eisem Dany !????!
Wéi och ëmmer... HBD huet verdingt gewonnen !

häckefransous Offline



Beiträge: 763

20.11.2006 09:49
#3 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

huhuhu dir !

hund d´zeitung grad gelies! maja gratulatioun den bierchemer fir den championnat!

dann erzielt emol waat den dany do erem gemaach huet

hien leiert et wahrscheinlech nie!

na ja as och egaal

waat as matt der zweeter???

HB ESCH II- THE WORLD IS NOT ENOUGH

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

20.11.2006 10:37
#4 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

LEIDER WEES ECH DAT NËT! VU DAT NACH KEEN SECH HEI GEMELLT HUET HUN ECH ANGSCHT DAT SIE OCH VERLUER HUN!
ECH WEES AWER DAT EIS ANCIENNES GLOIRES GEWONEN HUN AN DAT DANN OCH PROMPT GEFEIERT...

fujimu Offline



Beiträge: 17

20.11.2006 10:48
#5 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Salut Franzouski,

Wat déi zweet ubelaangt, eng partie 50:50. Éischt halschent top (+4 an der paus), déi zweet Flop, keng loft, an -4,5 oder 6 verluer. De Sven huet gemengt, den arbiter hätt eis verpaff (déi meescht gesin dat awer anescht). Ech sin der meenung et soll een an der ënnerzuel keng manndeckung spillen, mee am joer 2006 gët jo anescht gespillt wéi zu ménger zäit.

Du solls awer ufänken der suergen ze maan, respektiv fläisseg ze trainéieren. Um pivot as déng zukunft, wann s'de nach wëlls an d'équip: e stargoalie as gebuer un aacker zu bass-am-oarsch

LUKE FIR LËtzebuerg

Nodeems zu diddeléng d'kand an de pëtz gefall woar, sin der e puer aus der zweeter mat hieren alen kollegen nach eng kéier ugetrueden. De mätsch vun den "anciennes gloires" woar eppes fier handballestheten. En "augenschmaus" soen se dofier am ötziland.



häckefransous Offline



Beiträge: 763

20.11.2006 11:33
#6 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

huhu mutschifu!

jo bei eis as alles e bessen aanescht! deck as dönn, uewen as ennen an schlecht as gudd!

denken matt eisem neien pivot, hätten mer net nömmen dei bascharager des säson bezwong!

hoffen an der coupe leeft et besser, eiser eischter (dei sin jo echt vum rulo) geet et jo genausou!

waat war dann elo mam dany scholten???

HB ESCH II - SIN SIE ALT EMOL KOMPLETT SIN SIE ONSCHLOBAR AN DER BÜWETT

LSky Offline




Beiträge: 464

20.11.2006 11:54
#7 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Hell- OOOHHHHH

Wat e miesen Week-end fir eis farwen!

Also fir eis zweet gesinn ech 3 méiglech léisungen de match därf nach just 30 min. daueren, oder d'konditioun muss verduebelt gin, bleiwt nach de kader ze verduebelen wat och nach en méiglechkeet wir fir 60 minuten matzehalen.

HB ESCH II - Net méi sou séier wéi fréier

Collina Offline



Beiträge: 45

20.11.2006 19:56
#8 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Salut ech woar ganz no an hun gesinn dass den Helddem Jo de Fouss gesaat huet waat och am Fernseh gesinn woarDeen mist der mol engkeier op Noss kreien hien kann net verleierenDas gutt das den Schiri dat mat Roud geklärt huet soss wär et nach een doudegen ginnDen Jo as vill ze seier fir hien gewiechtAlso bis dann

ERDNA Offline



Beiträge: 10

22.11.2006 12:57
#9 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Ech fannen et sol elo eriwer sin mat deenen ganzen Diskussiounen iwert den D.S. Mir alleguer (ech och)sollen desen Forum als Plateau profitéieren fir d'Interessen vum HB Esch am besonneschen an vum Letzebuerger Handball am allgemengen zwar contradictoresch awer fair ze diskutéieren. Et brengt ons an dem Handball néischt esou Diskussiounen iwert Wochen ze féieren, an schlussendlech och nach voller Emotiounen op den Tribuenen vun den jeweilen Haalen net domader opzehaalen.
Hei ass Plaatz fiir néi Ideen,Propositounen,Kritiken,Meenungen,Solutiounen an Mériter ,awer net fir Beschass ze dreiwen.
Ech sin der Meenung dass alles waat and Zukunft ennert der berühmtener Gürtellin hei eeran kennt ,soll vum Webmaster éliminéiert gin. Meenungsfréiheet jo, Beschass gehéiert and poubelle.

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

22.11.2006 14:46
#10 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Dat as emol Anstänneg an Konstruktiv geschriwwen!
Solle mer dann eng Rubrique "Poubelle" mat dran abauen?
Nee, dat as net sérieux! Den ERDNA huet absolut recht!
Et as jo och Zäit verluer fir sech mat dem ganzen Beschass de beschäftegen.
Vive den Handball (Esch och !!!).

Bim Offline



Beiträge: 115

22.11.2006 16:01
#11 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

An der Chamber geng den ERDNA elo mat engem "Bien dit" vum Riednerpult entlooss gin !
Bravo

fujimu Offline



Beiträge: 17

22.11.2006 16:14
#12 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Elo emol am Eescht, wat een vum fujimu jo beileiw nët gewinnt as.

Am sport muss een fair sin, dat heescht och deenen diddelénger hier victoire gonnen, wann se déi verdingt hun, an e samschten woar dat wuel esou. Hier leeschtung verdingt eise respekt.

Ech sin iwerzeegt, dass wann eis jongen hier saach seriös huelen, zesummen haalen, sëch um biiz rappen, sëch nët an d'box maan a weider schaffen, dann sin se geschwënn champion an dësem land. Ob dat an der saison 2006/2007 as oder an der nächster spillt do keng roll. Kukkt ierch d'altersmoyenn vun där equip emol un! An deem alter souzen mär samschtes owes an der tribün an hun de senioren nogekukkt, villäicht woaren een oder zwee jonker derbäi an déi kruuten spläiteren an den oarsch vum op der bänk sëtzen. Esch huet eng vun deene beschten equipen an mat oofstand dat gréissten potential op grond vun der qualitéit vun sénge spiller an hierem jonken alter. Solle mer eis dann doriwer lamentéieren dass déi jonk borschten och nach eppes am kapp hun an an der woch am ausland op der uni sin an dofir nët esou vill un training ? Kabes!

Hei sin d'supporteren vun eisem veräin gefuerdert: Huelt är fändelen, trooteren an trommen aus dem schaaf a weist dem Trainer an sénger équip dass der se ënnerstëtzt, an dass der vertrauen an hieren erfolleg hudd. Dann léisst deen erfolleg och nët méi laang op sëch waarden.

A wann der dann nach zäit hudd, kommt Esch Zwee kukken, do gëtt et ëmmer eppes ze laachen.


Handball Esch Zwee - Mär gin NIE méi gudd


häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.11.2006 16:22
#13 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

huhu dir !

ech verstinn elo guer net firwaat hei esou vill polemik em den d.s. gemaach get

ech wollt just wessen ween sein tricot dann elo schlussendlesch huet

daat konnt nach keen mer soen, an denken dass och nach soss keen eppes beises hei gesootz huet!

waat eis eischt betrefft, kann ech neischt soen, ech war bei kenger nidderlaag do! vlait luch jo dodrun

wei och ömmer, schlömm as et net, e bessen traureg doriwwer sin ech awer

mais wei soot dei laang sauerei aus der zweeter, bei eis gett et ömmer eppes ze laachen!

HB ESCH II - DE SECRET VU LETZEBUERG

Bim Offline



Beiträge: 115

22.11.2006 16:25
#14 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

Alt erem e "Bien Dit", des Kéier fir de fujimu.
a wann heen su präzis op de gol geng schéissen, wi en analyséiert, dannn wier dat trotz sengem héigen alters E KANDIDAT FIR DEN tODT

häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.11.2006 16:41
#15 RE: DIDDELDENG - ESCH Antworten

wen as tODT???????????????

Seiten 1 | 2 | 3
2. Equipe »»
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz