Salut alleguerEt as roueg um Site. Geschter hun eis Minimmen verluer géint Péiteng no enger schwaacher Leeschtung Hoffentlech sin eis Scolairen besser haut um 16.00 géint Gréivemaacher. Muss leider schwammen bis 13.00 an dann geet et an Coque fir 100% ze gin Collina
Salut alleguer.Och ech soen Bravo fir eis Jugend èquipen deen 2ten Titel dest Joer Si hun et verdingt well et woar eng huart Saison fir se Weider esou allez HBESCH Collina
Eeh nach net op .No enger huarder Schlacht an der Coque kann een dat verstoen Sin op der Schaff. Zu de Mätcher Di zweet huet alles probéiert an just verluer schued. Kapp héich an virun esou Bei der 1ter hu mär di éischt 15 min. verschloof duerno emmer hannen drunn gelaaf awer super gekämpft an er 2terhalschent. Och déi net de Kapp hänken loossen et geet virun Allez 100 % gin Collina
Salut .Net schlecht geschter owend an der Coqueawer géint diddelange musst der awer e Krack baileeen fir ze gewannen.Mee mär stin hannert ärch. Allez Esch gitt 100 % dann geet dat schonn Collina
Jaja do sitt der all gespaant ewéi een Präbelliawer ech man keen T-Dance Mär machen se platt di Greng schon aleng mat eisem outlook.Meng Pronostick as 32-28 fir eis.Ech lung nach net oft falschbis dann ären Collina ech gin 100% an där
Salut alleguer hei sin ech mol erem eng kéier.ech hoffen màr sin all do e Samsten an der coque fir eis jongen unzefeirenech sin do mat enger surprisegin eloschaffen bis dann collina
Salut Ech wollt ärch och eng schèin vakanz wenschen Nach 2 stonnen schaffen an dann op sangria lass a spuenien mech verwinnen loossen muss do awer eng kèier grillen soss kommen ech aus der übung wann ech zereck kommen Bis dann ären Collina
Kee Probleem brauch dat net well ech sin jo desen week.zu Bartreng fir ze grillenkommt dohinn fir e gutt steck Fleesch an de Mo ze krèien Bis dann Collina
Salut alleguer Dat woar jo super e freiden an e samsten beim Cactus gudd geschafft alleguer wann dat stemmt wat den Arni mär gesot huet 2000 euro boni dat as genial.Bis dann Collina
Salut alleguerTip Top är leeschtung geschter geint Miersch Gut gespillt ausser dem Schmitti sain guggli huet e klengen schued ofkritt gutt besserung Et war net schweier geint esou eng equipe De Coach huet alles richteg gemachSpaass hoffentlech geet et esou virun Bis dann Collina
Salut alleguer Hei sin ech erem hat eng kleng Paus gemach. Wat de Màtch vun eiser 2ter ugeet wuar dat awer nët schlecht. Mär hun 3 Punkten an e Samsten spille mer geint Diddeleng wann Arbiteren dosinn.War flott ärch vun baussen no ze kuken an gooler anzedroen weider esou. Hun mech gemellt fir arbiter dann schloen ech eng nei Carrière an. Avis aux amateurs. Bis dann àren Collina
Ah elo sin ech dran.Ech sin leider net dobai well ech bessi weih hun Hun main Meniskus 2 mol gerass an dat viicht Kraizband as futti.Gin den 11 5 opereiert an dann sin ech erem do.maachen dan just nach den Desch fir ierch.fir dann een mat ierch ze drenken.
Salut Alleguer Wei wär et dann mat enger Pronostik fir e Samsten. Ech mengen mär wannen net haich an mengen 34-36 fir eis Wat eis 2 betrefft wannen mär souwiesou
Saluit alleguerHàcki hei as de site vun mengem Trikot http://www.whitebear.de Zum Màtch as schon alles gesot gin.Fuert esou virun dann gin mer Champion Bis dann Collina
salut alleguerEch wess wei de Mätch den owend ausgeet.Ech hat gdreemt dofun Et get 29-27 fir eis Gitt emol op den site vum mengem Pullower deen ech geschter unhaat.dat as den http://www.fluffer-wear.com do kent der bestellen oder mär bescheed soen. P.S Do as och Mandy ze gesinn aus der Sendung Top Modell mam Heidi Klum Also bis den owend.Collina
Saluit alleguerLeider hun ech eng schlecht noorricht fir eis zweet Equipe. Ech woar am Spidol an ech den Miniskus gerass an dat lenkst Band iwwerdeent.Hun 2 Wochen Vakanz doheem Hoffen awer an der Coque dobai ze sin.bis dann Collina Vive 2. Equipe
Ech konnt nach een un haieren.an dat as den SpeedSain Medico as anderei. Mee dem Vaglio sain as netanderei well heen woar nach net an den Medico Heen därf net spillen sou das den Häcki muss teschend dei zwee Pottoen. Bis dann Collina
Salut alleguer Hei sin ech erem. Woar Ski fueren. et woar super. Awer elo geet et erem lass mam HandballHun eng Kur mat Erdingergemach Ech sin awer do muar den owend geint Scheffleng. Kommt eischter well eis jongen spillen vun 14.30 auer un bei eis an der Haal Bis dann Collina