Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Board hat 98 Mitglieder
2.667 Beiträge & 244 Themen
Beiträge der letzten Tage
Foren Suche
Suchoptionen
  • Péiteng-EschDatum22.05.2009 09:11
    Foren-Beitrag von susi im Thema Péiteng-Esch



    Hallo där Séisser,

    Mär geet wéi dem Pivo 2020, sin en owend nët derbäi, schléissen mech voll a ganz (virun allem voll) dem Pivo sénge wieder un. Weider esou !

    Ärt Susi

  • TransfertsDatum30.04.2009 15:31
    Foren-Beitrag von susi im Thema Transferts



    De Karabatic zu Bierchem? Dat as e scoop !!!

  • LazarettDatum01.04.2009 15:32
    Foren-Beitrag von susi im Thema Lazarett



    Dat as jo wonnerbar,

    Also wann d'bouwen esou kachen 'wéi se handball spillen, dat gëtt et beim Detsch a beim Rom6 "steak tartare", beim Eric "cornded-beef", den Martin mëcht "soupe au lait"....

    Wann se genuch trainéieren dierft dat jo nët zevill usetzen. D'Susi kéint et sech gäich op d'hëften schmieren.

    Dem Susi séng fitness as nët zum bëschten, mee se schafft drun. D'Fro as ob déi al karkass schon duerhällt...

    Loost ierch ët gudd schmaachen,

    Ärt Susi

  • LazarettDatum01.04.2009 08:55
    Thema von susi im Forum Évenements


    Oioioioioi,

    Wat liesen ech haut an der Zeitung? De Jeff huet d'schëller futti an de Sascha as um fanger operéiert gin. Bilan: Dräi stéck hun d'schëller wéih an zwee e fanger am ghelli. Hinnen alleguer: eng gudd besserung, sollen se séier nees gesond gin, mer zielen op se.

    Bleiwt just ze hoffen dass eis borschten déi fit sin sëch um bidong rappen an e bessi méi solidaritéit weisen.

    ALLEZ ESCH

    Ärt Susi

  • ESCH -FESCHLENGDatum11.02.2009 11:13
    Foren-Beitrag von susi im Thema ESCH -FESCHLENG


    Meedecher,

    Wat macht dier fier saachen !!! Den andy huet den dom gebrach ? Den andy huet dach géint diddeléng nët gespillt, oder? Jo, ech wees deen as nët imänz mee ech konnt mer en halt nët verknäifen

    Ouni geck, dat as ganz sauer fier den Andy, d'finale ze verpassen. Leet deene fëschlénger dräi gackelcher an d'nascht an dann esou eng ! Vun hei aus eng gudd besserung an dass en fier de play-off nees ganz as.

    An der finale wärt sëch deen ale schinees aiutukitoki emol mussen e bessi ustrengen. An de Gilles "Madmax" därf dann villäicht och eng kéier op där schéiner halschent vum terrain stoen, ob dat nach kann, esou vun lénks ?

    Sin emol gespaant wéi den owend déi aner halleffinal ausgeht. Dat dierft méi spannend gin, mengen ech. Mäin Tipp: Biechem wënnt an der verlängerung. Da sinn se och gudd midd fier e samschten hihihihi.

    Op jidde fall lount et sëch den owend an d'coque ze goen: ech hun héieren de Sch(m)itti, dee flotte maanskärel steht do den owend hannert dem comptoir. An der paus schmäisst en d'champesbar an nom mätsch mëcht en tabledance mit anfassen

    Nët vergiessen, e Freiden 18.45 auer as groussen optrëtt vun eisen reservisten, präsi inclusive. Deen huet jo eng lëschteg binett, hun ech haut am klageblatt gesin. Ob deen e samschten och esou drakukkt ??

    Nach eppes, ech hun héieren Webesch Mulles géi eis supporteren op de mätsch féieren e samschten. Vergiesst är 100% T-Shirten nët!

    Bis geschwënn,

    Ärt Susi

  • Final 4 2009Datum15.01.2009 13:54
    Foren-Beitrag von susi im Thema Final 4 2009



    Besserschnësser du Krëppebësser,

    D'Susi as huet charme a stil, an talent natierlech. Och fier am goal, vergiess déi dämlech geschicht mat de stäng.

    Ausserdeems: Et geet jo nëmmen génit miersch, packen déi de ball iwerhaapt 9 meter wäit ?

    Däin Susi

  • Final 4 2009Datum15.01.2009 11:51
    Foren-Beitrag von susi im Thema Final 4 2009



    D'Susi wëll och eng halschent an d'këscht. Do brauch een nët ze laafen ...

  • Final 4 2009Datum14.01.2009 15:41
    Foren-Beitrag von susi im Thema Final 4 2009


    Äppelchen, du Däiwelchen,

    Dat as jo richteg opreegend. D'Susi wuar nämlech nach nie an der Coque, zumindest nët als spillerInn. Den nächsten dënschten huet se rendez-vous bei der doktesch, do kritt se dann déi grouss revisioun an dann as se nees am asaatz (och virun der bänk).

    Zesummen mam Häcki, dem Sergeant-Major, dem Jabba the Hutt, dem SLUSI an co. komme mer defensiv jo locker op eng tonn. Fehlt just nach de PIVO 2020 dann spille mer d'taktik vun der "chinesescher mauer".

    D'fro as: Ween schéisst eis Goaler ?

    D'Äntwert: Den 13.02 um 18.45 an der Coque

    Bis dann, haalt ierch monter,

    Ärt Susi

    P.S. Wéi as et mat den roque-ze-coque-spezial-100%HBE2-T-shirten? Ech bestellen halt een XL an een XXL am viraus

  • BIERCHEM - ESCHDatum06.01.2009 09:01
    Foren-Beitrag von susi im Thema BIERCHEM - ESCH

    Hey méng Maisecher,

    Ween wëll dann wéinst engem verluerenem mätsch - wann och an allen hinsichten verluer - gläich trübsal blosen ? Dobaussen as et -10°, tendenz faalnd, an d'saison dauert nach bis d'meegléckelcher eraus sin. Mer wärten dach elo nët schon d'läffelen bei d'tromm geheien, oder?

    Virun zimlech genau engem joer - wou eisen franséischen superstar pistolero verletzt wuar - do hun eis jongen gekämft, géint diddeléng, bascharage an bierchem verluer, wann och meeschtens knapp, an sëch gefrot: sin déi wierklech besser 'wéi mär ???

    Haut sin mer ob esou engem resultat enttäuscht, well mer wëssen: Eigentlech sin mer wéistens grad esou gudd wéi déi aner spëtzenéquipen aus dem championnat, an wann mer verléieren, virun allem esou héich, dann as et NET well mer et net kënnen, mee well mer eis domm ugeluecht hun.

    Mer sollten deen mätsch géint biechem als dat gesin wat et wuar: eng lektioun ! An eis froen: wat huet bierchem richteg an mär falsch gemach ?

    Ech wees nët wat aner leit mengen, mee ech sin der meenung dass den ënnerscheet flagrant wuar: hei eng biechemer équipe wou all spiller dat mëcht wat en soll, an do eng escher équipe wou all spiller dat mëcht wat en wëll. An well handball halt en kollektivsport as huet déi éischt astellung erfolleg, q.e.d.

    Dat heescht: wann eis borschten emol hier opgeblähten egoen op der säit lossen an ophaalen sëch fier de nuebel vun der welt ze haalen, dat heescht als EQUIPE optrieden, een fier deen aneren spillen a kämfen, dat ëmsetzen wat den trainer fuerdert, dann gesäit d'resultat an zukunft anescht aus.

    Dat heescht awer och: wann déi selwescht borschten mat där mentalitéit weider fueren, an wann déi puer déi bis sech elo korrekt verhaalen hun a beemol mengen sie missten sech och de batti stellen, da gët et nach vill schlëmmer wéi e sonnden zu biechem.

    Mer sollten, wann mer un de mätsch vun e sonnden zeréck denken - oder de video kukken - eis e beispill un bierchem huelen: discipline, collectiv, kollegialitéit, respect vum matspiller, respect vun den consigen. Do wuaren déi eis wäit viraus. Awer och nëmmen do!

    Elo hun mer puer wochen fier eis a fro ze stellen, an eis fierzehuelen et besser ze machen. Virun allem eis (individuell) astellung musse mer iwerdenken, dann geet d'coupe op esch, an den teller villäicht och.

    Haalt d'ouere steif,

    Ärt Susi

Inhalte des Mitglieds susi
Beiträge: 95
Seite 1 von 4 « Seite 1 2 3 4 Seite »
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz