Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 8 Antworten
und wurde 473 mal aufgerufen
 Matchs
Peurldlinia Offline



Beiträge: 13

08.10.2007 10:48
Match Bascharage I - Esch I Antworten

Ech vermëssen dem Besserwesser séin Kommentar. Well Besserwesser hëscht besser wessen, ma onsen Besserwesser muss nach viel léieren an desem domaine. Ech denken ouni wellen iwerhieflech ze gin zereck un seng Prognosen virun der Saison, dât hätt hien awer missen besser wessen. Finm mot vun der ganzer Saach. Een deen mengt hien wéist alles besser, ass nach laang keen Besserwesser.

Hooligan Offline



Beiträge: 138

08.10.2007 10:52
#2 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten

An waat leieren mer nach aus deem Match, och zwou Hummelen ginn net duer fier eis ze klappen.

Bim Offline



Beiträge: 115

08.10.2007 11:13
#3 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten

aux joueurs et à l'entraineur: CHAPEAU !!!
dat e samsden wuar a mengen aen vun der austellung an och suguer oft vum spillerechen hir matt daat bescht waat ech di lescht joren gesinn hun. weider esou !!

OPTIMIST Offline



Beiträge: 14

08.10.2007 11:31
#4 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten

Eng super Leeschtung vun eiser Equipe, d'Kaerjengien inklusif Mummel woaren déi lescht 10 Minuten platt - en Mätsch dauert nun eben mol en voll Stonn!

An moar w.e.g d'Konfirmatioun géint d'Retortenequipe aus Differdanj!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

08.10.2007 17:31
#5 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten

maja gratulatioun vun menger seit! war zwar net do, mais respekt!!!

ären fronsä de la hä

besserwesser Offline



Beiträge: 134

08.10.2007 22:44
#6 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten

SALÜ DIR LEIW LEIT AUS DEM SÜDEN!!! DIR WELLT EN KOMMENTAR VUN MIR, MAJO KEEN PROBLEEM! HEI AS EN. DIR HUDD RECHT KUERZZEITEG SCHENGT ET WEI WANN MENG PRÉVISIOUNEN FIR DES SAISON NET GANZ GIFFEN ZOUTREFFEN. MAIS DEN KOMMENTAREN VUN IECH SELWER NO, SIDD DIR DORIWER JO SELWER IWERRASCHT. ODER NET? FELICTATIOUN DOFIR MENGERSEITS, MAIS MENGT NIT DAAT GIFF ESOU WEIDERGOEN SCHONS DE NEXTE MÄTCH KANN DAAT SECH ÄNNEREN DEN SEHOVIC MECHT IECH PLATT WETTEN
ÄREN BESSERWESSER, HUED ZU GUDDER LESCHT, AWER RECHT

wolli Offline



Beiträge: 114

09.10.2007 07:42
#7 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten

Bei esou vill Handball besserwesserei verstand mussen mer eis geschloen ginn, ech hoffen du mess weider esou negatif prognosen, well je mei du schreiws mer giffen verleiren emsou besser spillen mer, also weider sou.

LSky Offline




Beiträge: 464

09.10.2007 09:34
#8 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten
Awer Wolli nët opreegen. Kuck alleng schon dass den Besserwësser esou am Forum jäitzt ass
en Zeechen fir seng Onsecherheet. Hätt hien Manéieren an Ahnung vun Foren ging hien dat nët
machen.
Kuck mir Escher sin immens zefridden well mir dat Bescht hoffen an op dat Schlëmmst gefaasst sinn.
Beim Besserwësser ass et esou dass hien sech en Doublé erhofft an seng Erwardungen nët erfëllt gin.
Säin Veräin nennt hien eis jo och nët, wéisou ass dat esou? Sin déi esou schlecht dass hien sech fir
déi muss schummen? Nee esou schlecht, dass een sech muss schummen, ass keen si machen jo all hirt bescht!

Et ass esou léiwe Wolli de Besserwësser wart of ween dann elo eppës gewënnt an zu deem bekennt hien sech
dann voller Stolz an labert eis voll hien hätt eis dat jo gesoot.

An hien huet recht den Owend gët den Seho e PATT!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

09.10.2007 09:55
#9 RE: Match Bascharage I - Esch I Antworten
huhu dir !

majo wolli deem as wuel esou! den besserschesser soll esou weidermaachen!

sin den owend do!!!

brengen eis nei kaapen matt!!!


sie sin cool wei sau, a gin fir e sensationnelle preis vun onmönschlechen 10.- (jo zeng!!!!) Euro verkaaf!!!!!!!!


also brengt all ärt täschegeld matt, wann der muer wellt an der moud up to date sin!!!

schaler gin et selbstverständlech och!

an d´original uniform as fir 75.- och ze kreien!!!!

bis den owend am fanshop

ären fronsä de la hä

HB ESCH II - 2007/08 GANZ FIR DERBEI
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz