Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 9 Antworten
und wurde 619 mal aufgerufen
 Matchs
Hooligan Offline



Beiträge: 138

07.11.2007 10:17
HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

Bon, en Samsten kent et um 20.00 zu Diddeleng zum Spetzematch HBD - Esch. Do stellen sech op eiser Sait awer puer Froen: wei geet et dem Pisto? Ween ersetzt heen wann en ausfaellt? Ass eis Equipe stuark genuch deen Ausfall ze kompenseiren?

Op mannst op dei lescht Fro kann ee mat "JO" aentwerten, mais et get en huart Steck Aarbecht. Ech sinn awer iwwerzeegt datt eis aal Huesen à la Marc, Jo, Romain oder Cata schon waerten wessen waat ze maan ass, an mat e bessen Chance ass eng Victoire zu Diddeleng dran. Loosst mer all d'Daumen drecken an hoffen datt vill Escher Supporter de Wee op Diddeleng fannen fier d'Equipe ze ennerstetzen.

An deem Senn
Bis dann

Aeren Hauli

PS: Tippen op en 28-26 fier eis Fuarwen!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

07.11.2007 16:56
#2 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

den schmitti as définitif nach net esouweit fir an der eischter équipe eng hand matt un ze paacken.

hien brauch nach e puer sparingsmätcher matt der zweeter ...

besserwesser Offline



Beiträge: 134

10.11.2007 14:01
#3 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

gudde metteg dir leiw escher bautzen! hihi den owend gedd et wuel eng fatzeg neidderlaag!!! alles arnescht wär wuel e wonner. ouni ären "pistolazy" sidd der nömmen d´halschecht wert. tippen op en 33-26 fir dei blo-weiss

kuckt emol gudd, vlait erkennt der mech jo den owend un menger rugder nues

de besserwesser - deen deen et einfach besser wees -

besserwesser Offline



Beiträge: 134

11.11.2007 13:01
#4 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

salut! net traureg sin, ech haat iech et jo schons virausgesoot! trotzdem respekt fir dei kämpferesch leeschtung.
waat war matt dideleng lass???

de besserwesser

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

11.11.2007 13:35
#5 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

Se sinn ongeschloen Tabellenéischten an do konnt eben d'Jeunesse och näischt drun änneren! Oder mengste den T71, oder den Verkaafs oppenen Sonndeg...

Peurldlinia Offline



Beiträge: 13

12.11.2007 08:56
#6 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

Cata,Marc,Thierry,Romain,Gil,Martin,Christian,Jeff,Eric,Sacha,Marc,Jo,Yannick an Jean.

All Respekt fiir déi gudd Lesschtung vun en Samsdeg, wann den Pisto elo rétabléiert ass geet et nach besser.
Diir hut Aerch gewiert,hut gekämpft an och no engem relativ groussen Reckstand net opgin.
Esou wellen aer Supporteren Aerch gesinn, och wann et um Enn net duer gângen ass, esou mescht et Spaas.
Daer kënnt stolz op Aerch sin, elo net iwerhieflech gin, an konzentréiert weider trainéieren.

Respekt och fiir déi Didelenger fiir den fairen Mätch, deen an aller Hinsicht eng Werbung fiir den Handball woar.

Zum Besserwesser nach een Wuert. Du schéins awer net alles besser ze wessen

besserwesser Offline



Beiträge: 134

12.11.2007 11:10
#7 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten
firwaat??? eich haat dach gesoot dir verleiert! geint d´red boys och! ok matt bascharage haat ech mech geiert, who cares. och e besserwesser wei ech iert sech alt mol, mais zu gudda lescht behält e rechtde besserwesser
iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

12.11.2007 11:12
#8 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

Zu Nancy-Les-Bains soll et e gudden Psychiater ginn! Déen kéint däin Problem fir e Moment bremsen... ze héelen ass dat Dengen do nët!

LSky Offline




Beiträge: 464

12.11.2007 12:24
#9 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

All respekt fir eis éischt Equipe, eng kämpferech immens Leeschtung, déi mat e bëssen Gleck
3 Punkten wärt gewiescht wir. Ganz éierlech wann een déi 2 Equippen gekuckt huet wir e remis dat richtegt
Resultat. Nach eng kéier Kompliment un eis Equipe. Weider esou!!

Bim Offline



Beiträge: 115

12.11.2007 13:19
#10 RE: HBD - Esch, de Spetzematch!!! Antworten

Schléisse mech de félicitatiounen un d'équipe un, mais well ech esu sinn wi ech sinn an eis jungs gudd kennen warnen ech direkt: e samsden géint péiteng geet et net vum selwen!!!! Och déi verdingen eise Respekt an da sinn ech secher datt et erem 3 Punkte gett !!
Bis dann ....... an dono um eisbaerenbal !!

 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz