Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 11 Antworten
und wurde 759 mal aufgerufen
 Matchs
LSky Offline




Beiträge: 464

03.03.2008 09:39
Coupe 2008 Antworten

Leider leider leider, hun mir et nët gepackt.

Elo wou d'Emotiounen sech geluecht hun, mussen mir eis wuel agestoen....selwer schold.
Vun hei aus Félicitatiounen un den Vainqueur vun der Coupe de Luxembourg 2008 den HBC Bascharage.

Fir eis Jongen awer gëllt weider schaffen an besser machen et kënnt elo all week-end eng Finale.
Bonne Chance.

susi Offline



Beiträge: 95

03.03.2008 09:59
#2 RE: Coupe 2008 Antworten


Wou en recht huet, den Master Yoda, do huet en recht.

Et bleiwt nach en titel ze vergin fier dës saison. Deen huele mer eis einfach. Fier dass mer eppes ze feieren hun, am fréihjoer.

Ech wollt awer nët vergiessen, deenen déi mat oofstand déi bëschten leeschtung bruecht hun am final four en décke MERCI ze soen: all de supporteren vum HB Esch, jonk an al, schwarz-wäiss oder ëmgedréint!!! Mat ärer ënnestëtzung as den HB Esch ëmmer e gewënner. Fair, sportlech a begeeschtert, esou soll et sin.

Weider 'sou,

Ärt Susi

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

04.03.2008 09:40
#3 RE: Coupe 2008 Antworten
LSky Offline




Beiträge: 464

04.03.2008 10:52
#4 RE: Coupe 2008 Antworten
An dann, wann déi Joffer dat do esou gesäit....
Mir spillen jo nach 2x géint sie, do kënnen mir weisen dass et nët esou ass!
Mee ganz éierlech wann een eis 12 goaler an enger Halschent schéisst,
machen mir definitif eppës falsch.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

04.03.2008 15:07
#5 RE: Coupe 2008 Antworten

jo selwer schold! schued dass mir eis chancen net genotzt an domatt e firsprong liichtferteg vergin hun!
dann verleiert een halt esou mätcher, wou een eigentlech während 60 min. emmer 1-2 gooler fir luch.

haaptsach super ambiance, vill vill zuschauer an gudd reklamm fir den handball am allgemengen!

bis dann
ären häcki

besserwesser Offline



Beiträge: 134

04.03.2008 15:12
#6 RE: Coupe 2008 Antworten
hihi! eich soot jo dir hätt keng chance

allt erem wosst ech et besser dir
Pivo 2020 Offline



Beiträge: 89

04.03.2008 15:57
#7 RE: Coupe 2008 Antworten

Kann dem Haecki nemmen deelweils recht ginn well wann e schweiwt "haaptsach super ambiance" kann ech daat net deelen well an enger Final ass d'Haaptsach ze gewanne... mais hee kennt eben aus der douce France a vun do kennt jo och de Baron Pierre de Coubertin matt senge komeschen Usiichten.
Anersaitas wuar de Final 4 fir den neutralen Zuschauer secherlesch ganz flott an ech mengen dan Handball huet och an der geschriwener Press ganz gudd Kritike kritt wubai ech de Fernand Schott muss luewen wann e zum Schluss (noodeems en alles geluewt huet)iwert d'Abitteren schreiwt si missten sech och endlech "moderniséieren". Genau daat hunn ech och empfond an och bei enger Zeen wou se géint Bascharage klenglech an onnéidech gepaff hunn main Onmut zum Ausdrock bruet. Et kann also kee soen ech wier partie prise gewiescht.
An der Conclusioun: Jongen loosst de Kapp net hänken..... just deen deen net mi opsteet huet verluer !!!
an domatt solle mer eis elo alleguerten op e rasseschen PLAY-OFF fréen !!!

AEREN PIVO 2020

häckefransous Offline



Beiträge: 763

04.03.2008 17:34
#8 RE: Coupe 2008 Antworten

stelbstversendlech hätt ech leiwer gehaat eis jongen hätte gewonn!
mais et war eben net esou! an dofir sin ech eben frou dass et trotzdeem eng reklamm fir den handball war!
dei meenung loossen ech mer och vum coubertin net huelen. war deen iwerhaapt an der coque???

nun ja...

Monni Appel Offline



Beiträge: 157

05.03.2008 14:43
#9 RE: Coupe 2008 Antworten

PIVO 202020202020,
Mär wuaren eis dach eenz neischt mei geint d'Arbiteren ze soen soss gin mär Escher eng Keier en bloc fir mei wei zwee Tarzan-Joer gespuart, mär sin eeben net sou unantastbar wei dei Reiserbänner dei eis um Tribunal ungreifen an dann selwer nach schlemmer iwert D'Arbiteren hierfaallen.

eng Coupefinal hun mär op alle Fall gewonnen, an zwuar dei vun der Ambiance, eis Fans wuaren secherlech dei allerbeschten, den Donnegden an den Samsten, leider ass et net duergangen ...

Pivo 2020 Offline



Beiträge: 89

06.03.2008 08:55
#10 RE: Coupe 2008 Antworten

ups!!! recht hues de Monni Apel! Hat net mi su gudd dru geduet ! Sinn lo fir de Rescht vum Championnat ganz cooool

Monni Appel Offline



Beiträge: 157

06.03.2008 09:02
#11 RE: Coupe 2008 Antworten

du an cool, tsts, da lachen ja die hühner

wolli Offline



Beiträge: 114

06.03.2008 10:56
#12 RE: Coupe 2008 Antworten
SARKASMUS!!!!Par décision unanime le comité arbitrale de la FLH a décidé de suspendre avec effet immédiat et ce sans appel possible, le forum du Handball Esch pour une durée de 2 année tarzan.


(EN BESSEN SPASS MUSS SIN AN WENN DORIWER NET LACHEN KANN LEIST ET STOEN)
WRTC »»
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz