Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 7 Antworten
und wurde 258 mal aufgerufen
 Divers
susi Offline



Beiträge: 95

25.09.2008 14:49
Fanshop Antworten



Salutti där Daiwe(l)cher,

Hei wuar emol esou eng rubrik wou een Fanartikelen vum HB Esch konnt kukken a kafen.

As alles fort ? Gëtt et keng nei collectioun ? Ech hun näischt uerdentleches méi am schaaf, en houfregt meedchen wéi ech kann jo nët met de lompen vum läschte joer op de mätsch ! Wou komme mer do hin ???

Kann een mer soen wou ech den 2008/2009 schal kréien ? De wanter kënnt bestëmmt.

Bis geschwënn,

Ärt Susi

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

25.09.2008 15:08
#2 RE: Fanshop Antworten

Hallo! Leider as dat esou wéi den "Shop" sech dat viergestallt huet net méigelech gewiecht den sériösen Oflaf vun den Bestellungen, Verkeef, Verschécken, asw... ze assuréieren ("manque de volontaires pour aller au front" - esou an dem genre). An dofir och aus der HP gehäit gin. Ech lancéieren awer gläich en Aktioun mat Trikot'en déi een bei mir bestellen kann. Ech mellen mech dann bei Iech wann et esouwäit as. Ciao

susi Offline



Beiträge: 95

25.09.2008 16:22
#3 RE: Fanshop Antworten



A mäin Schal ? Ech huele mer jo eng Longenentzündung ! De bloen Houscht !

Hëllef ...

Pivo 2020 Offline



Beiträge: 89

25.09.2008 16:45
#4 RE: Fanshop Antworten

Léift, erkaaltent Susi,
Wanns de e klengt kraatzen am Hals verspiers, wells de erem zevill décolletéiert doremmer gelaf bass (ouni schaal) recommandéieren ech der eng BECHEROVKA an der Buvette vune de Sportshal.
Hmmmm.... dobre !!!

susi Offline



Beiträge: 95

25.09.2008 17:02
#5 RE: Fanshop Antworten



An der rei. Den owend nom training. Mat engem fëschgezaaptenen béierechen ...

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

25.09.2008 18:15
#6 RE: Fanshop Antworten

ech hoffen et schwëmmt keen dran!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

26.09.2008 11:13
#7 RE: Fanshop Antworten

sin dann nach schaaler do???

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

26.09.2008 19:16
#8 RE: Fanshop Antworten

alles fort! solle mir neier bestellen? sin dann leit do wou nachen wëllen?

 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz