Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 1 Antworten
und wurde 293 mal aufgerufen
 Matchs
Pivo 2020 Offline



Beiträge: 89

13.10.2008 09:14
Chev Dikkrech- Handball Esch Antworten

Vu datt net vill Minnetsddaepp de Wee an d'Ieselsstiedchen fonnt hunn, hei e klenge Commentaire vum Mätsch:
Eng ganz sérieux Leeschtung géint en ganz schwache Géigner.
Extrem agressiv Verteidegung (trotz dem Forfait vim Romain) à l'image vun engem Dech "et au four et au Moulin" !!!
Konterattacken bis zur 45. min konsquent oofgeschloss.
Am Positiiounsugreff deelweis ganz flott Sachen!
Goalkeeper OK
Arbitrage gudd (si hu vill laafe gelooss waat dem Soielfloss guddgedoen huet)
... just 2 kleng Boboen: den Jo huet sech e bessi verletzt...gudd Besserung!!!
.... an an der Buvette wuar et definitiv ze wuarm !!!

ech profitéieren och vun geléenheet fir der 2. Equipe fir hire Succès zu bierchem ze félicitéieren !

häckefransous Offline



Beiträge: 763

13.10.2008 10:05
#2 RE: Chev Dikkrech- Handball Esch Antworten

Merci!!!

Hei e kleene Bülletin vun eisem mätch!

Bierchem huet lassgeluecht, ewei wann et em d´weltmeeschterschaft ging! Esch II, haat problemer mam geignereschen potto, esou dass dei bierchemer schnell 3-0, 5-2 an 8-4 fir wuaren. Eng roud Kaardvum klenge pit-icco huet dei Escher, dei souwisou just 3 erstazspiller derbei haaten, zousätzlesch geschwächt!

mais dei bierchemer hun sech schweier gedinn, an den s. serresse as iwert sech eraus gewuess! am ugreff sin
chancen besser verwärt an manner technesch fehler gemaach gin. an der paus stung et 11-11.

ween geduecht haat, dei bierchemer giffen an der zweeter halschescht hier jeunesse an konditioun ausnotzen, an die escher iwerrennen, haat sech getäuscht! den sascha huet regelmässeg gehaal, an dann sin konterattacken iwert den jan an danny oofgeschloss gin. no 45 min. stung et 18-15!

agebrach sin dun dei bierchemer, neischt mei huet bei hinnen geklappt, ze gudd stung d´défense aus dem süden!
esou kumm et, datt mir zweschenzeitlech esouguer 10 gooler fir wuaren, a schlussendlech ganz verdengt, awer völleg iwerraschend gewonn hun! iwerraschend, well vedetten ewei HÄRR PRÉSI FANCELLI oder OBERHAUPTBEFREITER SIMSCHEN etc net derbei wuaren...

merci un jiddereen deen derbei wuar, et war derwärt! froot emol den rené bock...

HANDBALL ESCH II - DIE EENZEG ONGESCHLOEN EQUIPE VUM HBE!!!

«« wichteg
zu kaergheng »»
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz