Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 16 Antworten
und wurde 1.181 mal aufgerufen
 Handball international
Seiten 1 | 2
häckefransous Offline



Beiträge: 763

02.02.2007 13:15
WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

HUHU dir !

Waat mengt dir ween gett weltmeeschter????

ech tippen elo op deitschland!

waat eng wm!!!
eng echt reklamm fir den handball

ween esou eppes emol live wellt gesinn, en samschden 18:30 HB ESCH II - CHEV DIEKIRCH II an duerno
HB ESCH I - RED BOYS I


DA SI MER DERBEI

ären


Bim Offline



Beiträge: 115

02.02.2007 15:04
#2 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

Muss dem Haecki do leider Recht gin. Ech faerten och dass eis "gudd" Noper et packen. Obschon ech léiwer en aaneren als Weltmeeschter gesin haett, si mer awer erem bei der typesch letzebuerger Schizophrenie wann et em den daitschen Noper geet. Keng Equipe kenne mer besser a keen anert Land brengt et faerdeg dass hei zu Letzebuerg esouvill iwert di Sportart geschwat a geschriwe get wann si eppes organiséieren an och nach Eerfolleg hun. (cf Formel 1 mam Schummi, Bundeliga am Fussball, Schisprangen oder Laanglaaf, etc.....) Obschon eisen aneren Noper an der rezenter Vergaangenhett 2 mol Handball-Weltmeeschter wuar konnnte mar als letz. Handball trotz engem Frendschaftsmatch geint d'Franzousen leider kee Kapital doraus schloen. Et bleiwt ze hoffen, dass duerch di daitsch Télé e puer Jongen a Meedecher hei zu Letzebuerg op de Goût komm sinn.
An deem Senn ..... e schéine eekend a vergiesst net

Esch 2 ..... erem um gudde Wee (froot emol di Schëfflenger !!!)

Aere Magic-Konter-Bim

häckefransous Offline



Beiträge: 763

02.02.2007 16:04
#3 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

huhu M-K-B (sprech EMMKEYBIE)!

Daat do hues du schei geschriwwen! op deen zuuch misst ihf, ehf an flh dropsprangen, an fir eisen sport, deen um ausstierwen as, e bessi reklamm maachen!

wann ee geseit waat do iwwer bei eisen preisesche frönn lass ass, kritt een de poulet!

wei soot e plakat an der haal: MACHT UNS DEN WELTMEISTER, WIR SIND DOCH KEINE FUSSBALLER!

oder : WENN HANDBALL EINFACH WÄRE, WÜRDE ES FUSSBALL HEISSEN!

BIS MUER

ären

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

02.02.2007 21:38
#4 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

Dat woar einfach super zu Köln !
Dat muss een live erliewt hun... Mega-Event, Mega-Stëmmung, Mega-Sport!

Hooligan Offline



Beiträge: 138

04.02.2007 19:02
#5 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

''Mer'' sinn also Weltmeeschter, sou wei ech et vun Ufank un gesoot hunn, einfach super dem Hainer Brand seng Jongen. ''Mer'' sinn lo wei an engem Wintermärchen, daat ass verdingt. Et get lo mol e gudden Schotz Schampes gedronk.

Bis dann,

aeren Hooligan

häckefransous Offline



Beiträge: 763

05.02.2007 08:56
#6 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

huhu dir !

respekt fir dei leeschtung! sin der meenung eppes besseres konnt dem handball net gescheien, och wann et eis preisesch nooperen waren !

esou eng stemmung, esou een spektakel, daat gett et just am handball!

en plus, muss een soen, huet een ausser dass d´fransousen en schiri zerschloen hun (deen en plus iwrhaapt neischt mam match deitschland-france ze din haat), neischt iwer iergendwelsch problemer matt fans heieren!

net ewei an italien (2 doudeger an 2 wochen), frankreich, holland an england! (ok, daat as jo och fussball)

verleieren muss eben och geleiert sin!

ären

hoffen den handball kritt elo e klengen BOOM

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

05.02.2007 13:41
#7 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

@Hooligan
Ech mengen wann Timbuktu oder Hannerwäisswampech Weltmeechter gin wier häss de och gesoot...
"MER sin Weltmeechter".
Dovun ofgesin as deen Weltmeechter gin deen et am meechten wollt!
Déi eng oder aner Kéier mat Hëllef, mais bon...

häckefransous Offline



Beiträge: 763

05.02.2007 14:38
#8 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

waat fir eng höllef???

etwa dei selwescht vun de fransousen zu pareis oder den schweden vun stackhollem???

oder mengs du eppes ganz annescht???

Hooligan Offline



Beiträge: 138

05.02.2007 17:08
#9 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

Ech mengen awer net datt ech daat gesoot haett, mais bon, si mer mol e bessen sérieux, ech mengen Daitschland ass duerch seng Leeschtungen relativ verdingt Weltmeeschter ginn, ween haett hinnen daat vierdrun mat daer Equipe zougetraut. An fier den Handball ass e souwiesou gudd, well wann ee gesinn huet waat geschter a ganz Daitschland lass wuar, à la Bonheur. Ech si secher daat keint dem Handball u sech e klengen Obdriww och hei am Land ginn, mais wuarden mer mol oof.

Bis dann, aeren Hooligan

LSky Offline




Beiträge: 464

05.02.2007 18:27
#10 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

Moien dir Weltmeeschter an déi di et och gären wiren.

Also di bommestemmung an Däitschland ass wuel och zum groussen deel drop zereckzeféieren "hauptsache WELTMEISTER" an wann ët am Fixspounzielen ass. Dass elo an Däitschland op eemol all Mënsch Handballexpert ass verwonnert och nët, dat ass an deenen aneren Länner och esou.

Eis sinn esou peinlech "Hauptsache WELTMEISTER" Leit erspuert bliwwen, dat wat mir fir déi 1/4 Finalen zu Köln gesinn hun war super, vun der organisatioun an vun den Leit. D'matcher waren souwéisou GENIAL.

Ech gönnen den Handballer hiren Titel, ech sin do dem Hacki senger Meenung. An Schweden oder Frankräich war et net anescht. An bei mätcher déi op een oder zwee Goaler gewonnen gin, huet deen glecklechen gewonnen, do ass keen wirklech besser.

Ech hoffen dass um Däitschen TV deen jo keen bei eis kuckt elo nach méi Handball gewwisen gëtt deen mir dann och nët kucken. Wann dat ging opgoen fällt villäicht dem engen oder aneren och hei an Handball ze spillen.

An elo nach zum Huel, wees du nach wat den MKB dir versprach huet?
2x"MER"=

HB ESCH II - Mir verstinn Spaass!


ERDNA Offline



Beiträge: 10

06.02.2007 11:32
#11 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten


Schrecklech wann ech héi muss gesinn dass hallef Letzebuerg zu den Preissen hällt.
Wann daat eng Weltmeesterschaft "zu Gast bei Freunden " war dann hun ech an der Halleffinal eppes net mat kritt.
Méi onfair get et baal net, keng Spur vun Fairplay an een Unpeitscher an der Haal ,deen un fréier Zeiten erennert huet.
Einfach schrecklech , daat doen ech maer nie méi un eng Preissesch Nationalequipe kucken ze goen.
Méin Motto vun haut un "Zu Gast bei Feinden".

häckefransous Offline



Beiträge: 763

06.02.2007 14:10
#12 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

@ erdna

hun mech zenter samschden genug driwwer opgerecht, dofir froen ech just daat hei: op waat fir enger seit waren dann d´italiener 40-45´?

souvill zum plattmaachen!

de rescht geheiert hei net hin.

ciao








LSky Offline




Beiträge: 464

06.02.2007 16:41
#13 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten
Wauww, firwaat déi opreegung?

Ech fannen et schued dass den ERDNA seng Halleffinal nët konnt genéissen.

Wéi gesoot bei eis war et tip top, et ass emol eng laola geprouwt gin, an den HANNI huet seng show gemaach mee méi war do awer nët.
Fir d'hallef final waren der warscheinlech e puer méi an der Haal déi den Frust vum Summer nach hun missen oofbauen.

Wann den ERDNA mat eis 1/4 Final gekuckt hätt dann wir hir bestëmmt nët enttäuscht gewierscht.
Wann mir mat him 1/2 Final gekuckt hätten, dann hätten mir dat bestëmmt och nët cool fond.

An elo sin mir erëm all léiw mateneen. Allez kussi gin

HB ESCH II mir setzen se ze déif oder mir netzen se zevill

häckefransous Offline



Beiträge: 763

07.02.2007 10:16
#14 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

huhu lskei!

bei esou eppes platzt mir de kueder!


mir können all stoltz op den fussballweltmeeschter sin! félicitations


de rescht spueren ech mer!

jeje

ERDNA Offline



Beiträge: 10

07.02.2007 10:23
#15 RE: WELTMEESCHTER 2007???? Antworten

Ech waar op Mannheim 3 1/4 Finalen kucken, an daat waar super. Gudd Stemmung, super Handball.
Ma déi Stemmung hun Kroaten an Dänen gemaach, an sie sin alleguer fair bliwen an hun keen ausgepaff oder ausgebuht.
HKF ech hun keng Politik hei an den Forum bruecht an ech maachen daat och net.
Ech fannen nemmen dass ons Grosspapen sech géifen am Graf emdrehen wann se géifen gesinn waat fiir een Denken hier Enkelen hei vun sech gin.

Domat ass fiir mech dest Thema ofgeschloss

Seiten 1 | 2
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz