Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 4 Antworten
und wurde 692 mal aufgerufen
 Divers
Bim Offline



Beiträge: 115

05.02.2007 13:40
Eise Forum Antworten

Ee Gleck datt mer den Haecki hun soss wier hei jo guer naischt lass. As keen motivéiert fir eppes ze soen oder stemmt daat allt Sprechwuert:
"Il ne suffit pas de ne pas avoir d'opinion, aussi faut-il être incapable de l'exprimer"[i]
Wuarden op nei "Gespréichspartner"

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

05.02.2007 13:43
#2 RE: Eise Forum Antworten

Et traut jo keen sech ze mellen hei bei esou recherchéiert Sprëch!
Do brauch een jo "Joëren Erfahrung" fir op esou Sätz ze kommen...
...oder geet et duer dat een "MKB" as?

häckefransous Offline



Beiträge: 763

05.02.2007 14:33
#3 RE: Eise Forum Antworten

huhu dir !

also deen sproch kann jo nemmen vum MKB kommen, hun en zwar net ganz verstaan, mä heiert sech prima un !

hun emol e puer leit, speziell vun eiser eischter, ugeschwaat, als äntwert krut ech:

1. WAT SOLL ECH DANN DO SOEN?????
2. ECH WEES NET WEI DAAT FUNKTIONNEIERT!
3. ECH GIN HEIANSDO DROP KUCKEN!

alles aussoen, dei eis net weiderbrengen, ech mengen eis spiller hun do e klengen manktum un durchbleck!

Sie soen et ass keng stemmung am verein an an der équipe, mä eppes dofir maachen, kennt bei kengem an d´tut!

also: öfters emol op http://WWW.HANDBALLESCH.LU goen, dann klappt et och mam mattspiller

ären

& desen weekend 6 Punkten

Hooligan Offline



Beiträge: 138

05.02.2007 16:58
#4 RE: Eise Forum Antworten

Jungs, ech mengen der vergiest hei ganz dei aaner trei Poster wei eist Susi, den Lskei, Collina oder mech, natierlech ass den Haecki eis allen eng Lengt viraus, mais an der Lescht ass hei awer sou eppes wei Obbrochstemmung ze spieren, am Verglach mat nach vierun enger Zaitchen. Ech sinn awer och iwwerzeegt datt lo sou lues a lues emmer mei Leit eisen Site besichen waerten, et ass just Schued datt mer ob villen Verainssaiten an och ob der FLH-Page net als Link opgefouert sinn. Daat waer scho mol eng gudd Reklamm mengen ech.

Also, motiveiren mer och nach alleguer e puer Leit fier ze posten, an et waert hei am Forum richteg flott Diskussiounen ginn.

Bis dann, aeren Hooligan.

susi Offline



Beiträge: 95

08.02.2007 12:13
#5 RE: Eise Forum Antworten

Dir Dammen !!!

Ärt Susi woar eng woch zu Megève am wantersport, huet awer och eng meenung zu dësem interessantem phänomän.

Eigentlech as et idiotesch e forum ze hun wou eleng d'spillerInnen vun der zweeter hieren traatsch austauschen, dat kënne mer och um kaffiskränzchen samschtes noom mätsch.

U sëch sollt de forum - bei den alen réimer woar dat d'haaptplaatz an der staad wou de moart ofrehaale gouf an wou d'riichter geuerteelt hun - deen virtuelle raum sin wou all d'akteuren aus dem veräin, ob komité, spiller, jugend, supporter, sponsoren, interesséierter vun all sort an all aner déi ech vergiess hun opzelëschten, ... sëch mateneen kënnen an sollen austauschen.

Dofir as dem MKB (Mega-Kilo-Bim) séng opfuederung un eis leit duerchaus berechtegt, sëch méi aktiv um forum ze bedeelegen.

Mee d'Susi wär nët d'Susi wann et nët och eng propose hätt:

Ech schloen fier dass mär Zatzen aus der zweeter noom mätsch e samschten eppes zesummen iessen gin (d'éischt spillt eréischt um halver aacht an d'büvett zu berchem gët ëmbebaut) an eis zesummen iwerleen wéi mer vum inhalt hier dësen site an säin forum méi interessant / informativ / interaktiv / inhaltlech substantiell kënnen gestalten fier all eis frënn aus dem veräin derzou z'animéieren aktiv am forum matzemaan.

Ech fannen dass eis webmasteren e formidabelen job machen, do brauch een just ze kukken wat déi aner veräiner (oder d'flh) am verglach unzebidden hun. Et sin ganz vill informatiounen op eng iwersiichtlech weis ze fannen, et fehlt eleng un ënnerstëtzung a form vun kontributiounen am forum an am fotosalbum.

Mer sollten probéieren de problem op eng konstruktiv art a weis unzegoen ier mer eis maanskärelen aus der éischter all ze hoart upaaken. Och do hätt ech villäicht déi eng oder aner propos, mee déi verknäifen ech mer bis e samschten.

Bis dann där maisëcher,

Ärt Susi



 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz