Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 3 Antworten
und wurde 537 mal aufgerufen
 Matchs
Bim Offline



Beiträge: 115

08.02.2007 15:26
Suite vun der Saison Antworten

E samsden as et also erem su wait ..... Maer pilgeren mat 2 Equipen op Bierchem. Zu ongewinnt fréier Zait (17.00 Auer) mussen eis al Schanken untrieden. Ech si mer secher datt mer do (wi am Aller-Mätsch) als Gewenner vum Terrain gin. Schliesslech wuaren eis Werfer (Pier a Carlo) jo am Höhentraining. An eise Bino huet e Samsden jo bewisen datt heen nach emmer eng permanent Gefohr fir de Géigner duerstellt (sou lang e loft huet).
Wat eis 1. Equipe ugett gett d'Sach villaicht e besse mi delikat. Ech sin awer (wi bal emmer) duerchaus optimistesch. Wa mer et faerdeg brengen e puer einfach Goaler ze schéissen (Konterattacken, nemme méiglech wa mer ordentlech verteidegen) kennt de d'Confiance an da packe mer se.

An deem Senn..... ALLEZ MAER !!!

LSky Offline




Beiträge: 464

08.02.2007 16:23
#2 RE: Suite vun der Saison Antworten

Ech ging jo gären dem MKB säin optimismus deelen, esou wuel fir déi eng wéi fir déi aner.
Et mangelt eisen zwou Equippen e bessi un Konstanz. Mol kucken wat dobäi eraus kënnt haptsaach et
mecht nach Spaass.

A fir de rescht ënnerstëtzen mir eis Equipen

HB ESCH 2

susi Offline



Beiträge: 95

08.02.2007 16:50
#3 RE: Suite vun der Saison Antworten

Härzeken,

Handballeschzwee huet deen virdeel dass se nët kënnen erausfaalen, well ënnendrënner gët et näischt méi. Et as also sch....egal ob se gewannen oder verléieren, mat hierer astellung zum sport am allgemengen an zum equipesport am besoneschen heescht et halt meeschtens verléieren.

Mer sollten nëmmen kukken dass mer genuch leit hun fier net forfait ze verléieren, mer sollen all déi matspillen loosen déi sëch zäit huelen de week-end an mer sollen kukken dass keen sëch wéih deet. Duerno gët et eng taas téi vum séi an e stéck quetscheflued.

Dat as méng meenung zum thema HBEsch2.

Wat eis éischt ubelangt sin ech dem Ex-Caving-Bim sénger meenung: wann et hinnen geléngt hier leeschtung an der verteidegung ze steigeren an sëch am ugreff op hier stärkten ze besënnen (speed, technik, spillwitz ... an e bessi réussite), dann kënnen se och dës saison nach alles ereechen, déi fënnef nächst saisonen souwiesou !!!!

Wéi seet den MKB: "Patience - Confiance"

Ärt Susi

LSky Offline




Beiträge: 464

08.02.2007 17:45
#4 RE: Suite vun der Saison Antworten

 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz