Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 6 Antworten
und wurde 597 mal aufgerufen
 Matchs
Bim Offline



Beiträge: 115

28.02.2007 15:57
Final Four de ce weekend Antworten

Zimlech roueg hei um Site an daat den Dag virun dem 1. Héichpunkt vun der Saison dem Final Four. Fir déi di et nach net sollte wessen: Maer si mat 2 Equippen de weekend vertrueden. Den Ufank mecht eis 1. muar Donneschden um 20.45 géint Dikkrech. Wann alles normal leeft gesi mer dann e Samsden Diddeleng oder Bierchem erem. Also 2 Equippen geint déi mer des Saison scho gewonnen awer och verluer hun. eis leegendaer 2. Equipp kritt et e Freiden um 20.45 mat Bierchem 3 ze din, enger Equipe di just an der oupe ugemellt as. Do waerten d'Drauwen zimlech héich haenken, Also loosst eis héich sprangen!! Hoffentlech sin genuch Escher do fir eis Jongen all ze ennerstetzen !!!

ALLEZ MAER

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

28.02.2007 18:03
#2 RE: Final Four de ce weekend Antworten

Hallo! Fannen och dat et hei roueg as!
Et hängt sëcher mam Wieder dobaussen zesummen... do as et besser sech dobaussen opzehalen.
Eis Jugend vermëssen ech nach ëmmer hei, wou sidd dir?
Eisen Jongen, alles Guddes fir Muer, Iwwermuer an éventuell e Samschdeg!!!

LSky Offline




Beiträge: 464

01.03.2007 11:00
#3 RE: Final Four de ce weekend Antworten

Firwat ass et hei esou roueg?

Einfach:
Eis Spiller vun der 1 Equipe sin an hirer konzentratiounsphase op di grouss Aufgaben déi elo op si zoukommen.
Eis Spiller vun der 2 Equipe hun an deenen verschiddenen Sanatorien keen Internet!

Wat de rescht ubelangt - déi sin wuel e bessi schei.

All eisen Equipen alles Guddes och vun menger Säit.

Bim Offline



Beiträge: 115

02.03.2007 12:05
#4 RE: Final Four de ce weekend Antworten

Eiser 1. Equipe en decke Luew vu menger Sait fir di konzentréiert Leeschtung iwert bal 60 Minutten. Weider esou !!! Och wann de Géigner extrem schwach wuar, mais et as een jo och emmer nemmen esou stuark wi deen aneren dat zouleist (fir emol mat enger ofgedroschener Floskel ze kommen).

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

02.03.2007 14:09
#5 RE: Final Four de ce weekend Antworten

Du wees jo, dass esou eng Floskel 5 € kascht zu gonschten vun der Jugendkommissioun...

häckefransous Offline



Beiträge: 763

02.03.2007 14:32
#6 RE: Final Four de ce weekend Antworten

huhu dir !

majo félicitations och aus heckenfransousreich!

haat eisen coach elo um radio heieren

Zitat: "Nee ech sin keen Macho, mä spullen a botzen as neischt fir mech!"
einfach köstlesch maurizio! daat as sympatesch eriwerkomm!!!

majo dann bis den owend!!!

HB ESCH II - HAUT AN DER COQUE!!!

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

02.03.2007 15:01
#7 RE: Final Four de ce weekend Antworten

Ech fannen dat eisen Maurizio dat TipTop gemach huet de Metteg!
Allerdings musse mer eng Proposition de Loi areechen fir den Zocker fir Mannerjähreger ze verbidden...

 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz