Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 13 Antworten
und wurde 856 mal aufgerufen
 Matchs
rom6 Offline



Beiträge: 3

05.03.2007 06:59
Final vun der coup Antworten

H... D...! Ech hät se gäeren mat op Esch geholl.
Trotzdem e groussen Merci un all dei, dei eis enerstetzt hun.

LSky Offline




Beiträge: 464

05.03.2007 08:54
#2 RE: Final vun der coup Antworten

Un Ënnerstëtzung soll et iech och weiderhinn nët fehlen.

Merci fir déi Kämpferech ganz stark Leeschtung. Dir an mir hun bis zum Schluss drun gegleeft. An daat machen mir och am Championnat!
De Kapp héich, weider esou um Training schaffen dann gëtt dat am Championnat nach méi spannend wéi et verschiddenen wärd léif sin!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

05.03.2007 09:37
#3 RE: Final vun der coup Antworten

huhu dir !

leider woren e samschden all elementar saachen, dei een fir e erfolleg brauch, geint eis!

e staarken goolkipp, eng schlecht défense, pech, an menger meenung no en arbitrage, deen einfach net fair war, well deiselwescht situatiounen oft aanescht op escher seit bestrooft gouffen. sorry m. jung/leyder daat war grotten!

hätte, wäre, wenn!

gratulatioun trotzdeem un den hcb!

ären

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

05.03.2007 09:38
#4 RE: Final vun der coup Antworten

Ech kann mech just do uschléissen an wënschen mir dat eis Equipe ët fäerdeg bréngt eisen Supporter nach déi eng oder aner Fréed zum beschten ze gin.
Et woar eng supuer Stëmmung, wéi mir se schon laang nët méi erliewt hun, an der Coque an dofir déet ët der Equipe ëm esou méi léed dat se d'Coupe nët gewonnen huet.
De Bierchemer awer alles Guddes well déi hun och bis zum Schluss nët lass gelooss!
Nach gudd dat Esch sech de Mätch selwer verscha... huet well soss missten déi 2 Hären, déi allerdings total déplacéiert an arrogant agéiert hun, sech de ganz vill Froen stellen an sech gedanken driwwer machen op se nët besser hätten an Zukunft hiert Behuelen ze iwwerdenken!!!

LSky Offline




Beiträge: 464

05.03.2007 09:47
#5 RE: Final vun der coup Antworten

Rebonjour,

Dat hei steht op der éischter säit vum WORT!

Berchem
knapper Sieger
Keineswegs berauschend gestaltete
sich die Endspielpartie im
Handball-Pokal zwischen Berchem
und HB Düdelingen. Vor
allem die Düdelinger waren bis
zur Pause fast inexistent, ehe sie
nach dem Dreh dank Berchemer
Nachlässigkeiten fast noch die
Wende schafften, als Berchem den
zweiten Atem zum 32:30-Pokalsieg
fand. Fast 1 100 Zuschauer
sahen eine Begegnung, die zu keinem
Zeitpunkt auf einer hochklassigen
Stufe stand. Das Spiel lebte
vor allem von der Spannung gegen
Ende des Treffens, als der HBD
sogar in Führung ging, dennoch
den Cup nicht zu verteidigen
wusste. Seite 53 und 54

Diddeleng - Esch haptsach de Süden quoi!

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

05.03.2007 10:20
#6 RE: Final vun der coup Antworten

do gesäit wat den Handball dem Wort wäert as!

wolli Offline



Beiträge: 114

05.03.2007 10:23
#7 RE: Final vun der coup Antworten

ohne worte

newcomer Offline



Beiträge: 20

05.03.2007 10:53
#8 RE: Final vun der coup Antworten

Kompliment un eis équipe déi super gekämpft huet!
Och eis supporteren woaren 100% do.
Den arbitrage woar "aléatoire" an munchmol arrogant mé net spillentschédend, mengen ech.
Mol kukken wéi d'Fehler an d'Messelen (do woaren der jo awer 1 oder 2...) lo analyséiert gin.
Dovun hängt och oof, ob mer champion gin oder net!



häckefransous Offline



Beiträge: 763

05.03.2007 13:55
#9 RE: Final vun der coup Antworten

VIVE D´WORT! ZU GUDDER LESCHT DACH DI BESCHT!

susi Offline



Beiträge: 95

05.03.2007 16:43
#10 RE: Final vun der coupe Antworten

Salut där Gazellen,

Ech mengen kënnen am numm vun de supporteren ze soen: respekt fier déi équipe, déi zwar e samschten den owend d'coupe huet missen de bierchemer iwerloossen, mee déi eis begeeschtert huet an bewiesen huet dass se mat e bessi méi réussite berchem an all aner veräin am land a grond a buedem spille kann.

Deen groupe huet d'potential, wann en weiderhin esou vill engagement an solidaritéit beweist, an den nächsten 10 joer all titel hei am land ze huelen. Un der ënnerstëtzung vun de supporteren wärt et nët fehlen.

Kapp héich, jongen, d'zoukunft as är.

An och ärt

Susi

newcomer Offline



Beiträge: 20

05.03.2007 16:58
#11 RE: Final vun der coupe Antworten

Jo jo, d'Wort.....do ass awer haut eng chique Foto mat villen Escher Supportern dran, ass dat dann naischt?

Collina Offline



Beiträge: 45

05.03.2007 19:12
#12 RE: Final vun der coup Antworten

Saluit alleguerHàcki hei as de site vun mengem Trikot http://www.whitebear.de
Zum Màtch as schon alles gesot gin.Fuert esou virun dann gin mer Champion
Bis dann Collina

häckefransous Offline



Beiträge: 763

07.03.2007 15:32
#13 RE: Final vun der coup Antworten

huhu dir !

nodeems ech e puer nuechten driwwer geschloof hun, sin ech emmer nach der meenung, dass trotz enger hellewull beschter chancen dei eis jongen versiebt hun, matt engem fairen arbitrage, d´coupe op esch gaangen wär!

bis dann
ären häckefransous

seven Offline



Beiträge: 26

07.03.2007 16:19
#14 RE: Final vun der coup Antworten


An ech geif esou guer soen dass wann se hir chancen erangemeet hätten wär d'coupe egal wei op Esch komm,
.........do hätt kennen den Arbitrage nach mei onfair kennen sinn......
mais mer hunn jo nach d'championnat..do wärten se nach grouss

Angefügte Bilder:
images.jpg  
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz