Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 18 Antworten
und wurde 1.158 mal aufgerufen
 Matchs
Seiten 1 | 2
häckefransous Offline



Beiträge: 763

03.05.2007 10:29
ESCH II - FESCHLENG II Antworten

huhu dir !

no der klorer victoire geint petting II, as et elo d´minettstrupp vum fescherklub feschleng II, dei e samschdich em
18:30 zu ESCH/LALLING zum groussen showdown optrieden!


et as den leschten mätch 2006/07, an och den pivot 2020 simsalabim huet ugekönnegt eng kleng auszeit ze huelen!

dofir wöllen mer de mätch meiglechst positiv gestalten, woufir mir e puer leit breichten!

wien as dann alles dobei???

op den häcki as ewei (baal) ömmer verloos!

macht iech bei, et sin just nach 13 plaatzen frei

ären fronsä de la hä!

HB ESCH II - HANDBALL VUN ENGEM AANEREN STÄR

wolli Offline



Beiträge: 114

03.05.2007 11:20
#2 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten
Salut candideiren heimat fir eng platz am kader fir den match gein dei greng. Geif jo mol mengen meng candidatur krit eng positif antwert no menger respektabler leschtung vun leschtem weekend.
Bim Offline



Beiträge: 115

03.05.2007 11:30
#3 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

obschon et jo heescht "never change a winning team" géif ec h heimat ganz offiziell froen b ech awer daerf matspillen!

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

03.05.2007 12:52
#4 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

Dat géif mär nawell eppes soen fir do matzespillen!
Däerf ech...?

Bim Offline



Beiträge: 115

03.05.2007 13:14
#5 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

Nee du muss bis 22.00 auer wuarden bis et béier gett!

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

03.05.2007 14:14
#6 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

Dann muss ech alt do nees zouschloen! Ech hoffen mir hun dann och eppes ze feieren...

häckefransous Offline



Beiträge: 763

03.05.2007 14:21
#7 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

leiwen parl-tü-aaeek-moa!

esou einfach geet daat awer net! mir sin zwar frou iwer all neien spiller, mä trotzdem huelen mir net alles!

gewessen viraussetzungen mussen schons do sin:

1. schnellegkeet as gefeierlech (fro mol de collinchen, deen wollt och schnell zreck oder war et no fir laafen???). du bass definitif nach ze schnell

2. gewiicht! jo önner 100 kilo hues du an deser liga keng chance! vill ze dangerö ewei mir an häckefrankreich giffe soen.
eng gewössen speckschutzschicht muss schons sin

3. zesummespill. well mir net ewei eis eischt, ganz vill combinaisons maachen, net alles individuell! dofir brauchs du spillverständnis an daat kennt net vun eleng!

4. därfs du net nohm 2. picon-beier schons önnert dem desch leien!

5. mir fällt elo neischt mei an

mä kucken kommen därfs du, awer op eegen risiko

HB ESCH II - MIR KOMMEN

dein fronsä de la hä

susi Offline



Beiträge: 95

03.05.2007 15:33
#8 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten


Salut där Hierken,

Ech sin géint d'fëschkäpp derbäi. Halen mech um oktavmärtchen a form, d'schluechtgewiicht därft passen e samschten. Ausserdeems lueden ech dobäi och méng senfgas-akkuen op. Vergiesst awer dës kéier är gasmasken nët oder ët gëtt e massaker.

Den aieaimetaokingouiziou huelen mer mat an eist trainingslager iwer de summer, da kritt en e besselche fleesch op d'rëpper an dann packt en och den après-schi d'näschst saison.

Hasta la vista,

Ärt Susi

Hooligan Offline



Beiträge: 138

03.05.2007 15:38
#9 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

Bon, saluti alleguer,

ech hoffen daer hudd aerch vun de Strapazen vum 1.Mee gudd erholl an datt der lo fit sidd fier e Samsten eisen leschten Match vun der Saison. Et get net einfach, mais ech kann aerch berouegen, dei grouss Vedette vun den Zebraen ass och erem present, de Karabaltic. Ob esou een Pilier verzicht een ongaer, an dofier ass et dann jo och gudd ze wessen datt en do ass. Ech sinn dann och frou datt ech dei Eiher hunn, dee leschten Match vum Bim matzeerliewen, heen hued eng laang an erfollegraich Carriere hannert sech, an ech sinn houfreg mat sou enger Institutioun vum letzebuergescher Handball zesummengespillt ze hunn. Merci Bim!

Bon, mer gesinn eis dann e Samsten, bis dann

Aeren Hauli

häckefransous Offline



Beiträge: 763

03.05.2007 16:04
#10 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

leiwe karabaltes!

och wanns du dech esou un aaner leit eruschleims, du bass a bleiws en bayernfan!

daat as duerch neischt ze verteihen


esou ech gin mer elo zwou gasmasken kaafen, eng as mir net secher genug!

dein karafronsä de la hä



susi Offline



Beiträge: 95

03.05.2007 16:41
#11 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten



Sorry mädels, ech konnt mer ët nët verknäifen !!!

As en nët gäil, eisen Häuli, huet géint déi gréissten kakkuetten aus der liga vun 10 schëss op de goal der 2 erankritt an hält sech schon fier de waldmeister ! Léiwen Häuli, du hues zwar dat selwescht gewiicht wéi de karadingsbums, mee heen as dräi käpp méi grouss an as vun der konsistenz éischter fiels wéi gelliskapp. Ech sin emol gespaant wat s'de eis e samschten fierturns géint d'fëschkäpp.

A wat soll deen dithyrambe op de bimmeli ? En as nach ze jonk fier eng épitaphe, heen kritt d'pensioun op der gemeng ier en se beim HB Esch II kritt. Mierk der dat !!! Wou komme mer dann do hin wann mer eis jonk talenter einfach géifen opginn. An de bimmelchen as keng inststitutioun, en as just e bessi mokkelech. (Graff schanken an eng déck haut) Schumm dech en décken, Häuli.

Décke Kuss, bis geschwënn,

Ärt Susi

P.S. Zum schluss nach e bonmot vum Häuli, héieren en dënschten virun der frittebud: "... d'nächst saison, wann ech NET MEI LEISTUNGSTRAEGER SIN ..." Wou wäre mer dës saison gelandt, hätte mer eisen leeschtungsdréier nët gehaat ..........



Hooligan Offline



Beiträge: 138

03.05.2007 16:46
#12 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

Just zur Info Susi, et wuaren 6 Goaler. An unerkannten Experten wei den Wolli hu mer eng gudd Leeschtung bestaetegt. Am Kicker waer daat wuel eng 1 ginn, awer mat Staer.

Bon, bis dann

Aeren Hauli

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

03.05.2007 16:51
#13 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

Also ech brauch dringend Opklärung...

Iwwersetz mir dat emol esou dat ch och eppes verstin:

dithyrambe, as dat éventuel "...dit! Tire en bas!"

épitaphe, as dat éventuel "...et puis paff il s'est écrasé!"

"... d'nächst saison, wann ech NET MEI LEISTUNGSTRAEGER SIN ...", do hun ech guer keng Ahnung wat dat kéint sin.

Merci am Viraus fir d'Opklärung...
Ciao

susi Offline



Beiträge: 95

03.05.2007 17:18
#14 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten


@ Häuli: wann s'de am kicker eng einz kriss, heescht dat dass de fussball gespillt hues ?

@ aieaimetaokingouiziou: dithyrambe an épitaphe fënns de am klenge robert (à ne pas confondre mat: les gros roberts - dat sin déck luuten); wat dem Häuli säin zitat ubelaangt: hien as der meenung dass heen d'nächst saison an der zweeter nët méi d'käschten aus dem feier ze huelen brauch - sou wéi heen dat dës ganz saison mätsch fier mätsch praktizéiert huet - well mer jo verstärkung kréien, an d'verstärkung kann dann jo déi laascht vum Häuli iwerhuelen. Eisen Häuli huet dann manner leeschtungsdrock, (an/oder leeschtendrock) !

Ärt Susi

Dithyrambe: tire la jambe
Epitaphe: pan dans la gueule

Collina Offline



Beiträge: 45

03.05.2007 17:30
#15 RE: ESCH II - FESCHLENG II Antworten

Ah elo sin ech dran.Ech sin leider net dobai well ech bessi weih hun
Hun main Meniskus 2 mol gerass an dat viicht Kraizband as futti.Gin den 11 5 opereiert
an dann sin ech erem do.maachen dan just nach den Desch fir ierch.fir dann een mat
ierch ze drenken.

Seiten 1 | 2
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz