Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 18 Antworten
und wurde 1.690 mal aufgerufen
 Handball international
Seiten 1 | 2
häckefransous Offline



Beiträge: 763

04.06.2007 11:49
nationaléquipe - thw kiel Antworten

huhu dir fei leit!

ech wollt der FLH-selektioun op desem wee gratuleieren fir hiren succès geint d´ösien vun derseits den alpen.

respekt och dem mike fir seng 150. selektioun. op deng next 150!!!

desweideren wollt ech dem eenzegen serieux zu huelenden geigener vum HB ESCH II, den thw kiel, zu sengem TRIPPEL gratuleieren. do kennen sech d´läppercher vum futtball emol eng scheiw oofschneiden. waat fir eng energileeschtung!

daat war et schons

ären fronsä de la hä


Bim Offline



Beiträge: 115

05.06.2007 09:41
#2 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

A wann daat antrefft waat gemunkelt gett, dann gett eis 2. jo d'nächst Joer erem richteg GAZ.Mengen vîrun allem am défensive secteur si mer d'nächst Joer net ze schloen mat 4 Spiller iwer 1,90m. An dann hu mer jo nach en neien (aalen) Kressleefer deen an der Breet alles blockt ( naischt fir ongudd, seven, ech darf dat! )
Villait kritt de GK dann och een oder deen aanere Ball (dee gett jo och emmer mi al a kritt sech net mi emmer matt Zait gezun).
Matt esou engem Bollwierk an der Verteidegung kann de Baltes dann seng légendaer Konterattacken zélébréieren.
Frée mech elo schon Iech gemittlech vun der Tribun aus nozekucken an dono zesummen e Patt ze huelen!!!

Vive d'Saison 2007/2008

ESCH 2 année 2007/2008, une millésime de haute qualité, riche en expérience et d'un savoir faire hors du commun !!!
daat wollt ech emol op deser Plaz kloer an daitlech gesot hun.

Aren Pivot 2020

seven Offline



Beiträge: 26

05.06.2007 12:43
#3 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

Du därfs alles Bim,

war awer schon en puer mool laafen ann domat sinn schons 3 gewiichteenheten fort
ass awer nach genuch do fiir keng Konteren mussen ze laafen

LSky Offline




Beiträge: 464

05.06.2007 13:59
#4 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

Dann muss du schon méi schwéier sin wéi de Bim, well hien ass se gelaaf d'Konteren!

Vum ofschlooss vun deenen Konteren schwätzen mir guer nët, esou muncher Goalkeeper dreemen haut
nach dovun. Einfach WELTKLAASS!

Bleiwt nach ze bemierken dass een de Bim nët huet missen zwingen fir se ze laafen. Sorry Hauli mee
esou schnell wors du emol nët. ;-)

Freeë mech awer och schon op dem Seven seng Konschtstecker!

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

05.06.2007 14:39
#5 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

gewiichteenheten ???
mg, gr, kg oder tonnen ???

Hooligan Offline



Beiträge: 138

05.06.2007 14:42
#6 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

Keen Probleem Lsky, ech hoffen mer hunn eng gudd Equipe naechst Saison an all Mensch kritt genuch ze spillen. Ech hunn et och lo opginn rem wellen Fussball ze spillen, ech bleiwen ganz beim HB Esch II, mer sinn einfach wei eng grouss Famill. Bleiwt eben just nach oofzewuarden ob mer dann och all dei Leit baikreien, oder ob se emmer do sinn, ech sinn mol gudder Deng. Mais wann pro Match schon emmer 10-12 Leit do waeren, da keinten mer eis net bekloen, ech sinn mol emmer présent, well all Minute mat Schmitti a Co. ass eng gudd Minute. Just na eng Fro, weini geet den Training rem un, wees schon een e bessen mei?

Bis dann

Aeren Hauli

PS: Ech wees, ech hu bessen vill geschleimt zum Schluss!

HB Esch II - Ouni Hauli opgeschmass

häckefransous Offline



Beiträge: 763

05.06.2007 16:17
#7 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

huhu dir !

ech mengen daat as iergend eppes zwöscht kg an t! fir kg zevill an fir t awer ze weineg!

@ hauli: trainingsufank?

waat eng fro! no der saison as firun der saison!

ech war gescht 10km laafen an hun 100 klappmesser gemaach!

den owend stinn 8km an 100 klappmesser um programm, vlait och nach , wann ech d´seel eremfannen!

also fro net laang weini et erem lass geet, et as schons laang umgaang!!!

dein fronsä de la hä

HB ESCH II - LET´S ROCK THE REST

Bim Offline



Beiträge: 115

06.06.2007 09:16
#8 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

Kann den Haecki nemme luewen. Waat eng Astellung....phantastesch !!!!! Hoffe just dass de dai Seel net erem fenns. Ka mech nach ze gudd un eng Uebung erenneren beim GBB wus du dech bal em Seel erhangen hues. Daat sin zwar schon 10-15 Joer hir, mais ech kréien nach emmer e Lachkrämpchen wann ech drun denken (su wi all Mensch, deen deemools d'Chance hat bei deem historeschen Moment derbai ze sinn!!!!)

Dai Pivot 2020

häckefransous Offline



Beiträge: 763

06.06.2007 09:37
#9 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

wees net waats de mengs?????

Bim Offline



Beiträge: 115

06.06.2007 10:17
#10 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

Haecki, da fro miol de schmitti

häckefransous Offline



Beiträge: 763

06.06.2007 10:34
#11 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

ok wärt ech maachen! hues du seng tel. nr.???
daat giff mech elo awer interesseieren!!!

Monni Appel Offline



Beiträge: 157

06.06.2007 11:48
#12 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

daat geing mech nawell och interesseieren, well all moment iwert den schmitti gelaacht ass een gudden moment, hehe

susi Offline



Beiträge: 95

06.06.2007 15:06
#13 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten


Nicht verzagen - Susi fragen !!

D'Susi wuar nämlech och derbäi, hihi...

Also déi übung geet esou: et stréckt een dat eent enn vum lastik un de poteau vum goal, an enger hécht vun engem meter zwanzeg - deen aneren wutz un eng bänk déi um 9 meter steet. Eist Häcki steet bei der bänk an muss mat zwee féiss iwert de lastik hopsen, lénks, riets, lénks ... mee de lastik as ëmmer méi héich, wat d'häcki méi no bei de poteau kënnt.

Do musst der wëssen dass deemols dem Häcki säin fraendokter ëm eng pëll verschriwen haat vun däer hatt e schrecklechen kasärestack kruut, en oarsch ewéi e Ford Taunus, wat beim hopsen nët ganz hëllefräich as, an schons no deene éischten hopser woar eist Häcki ganz béis an der bredouillen. De rescht vun de meedecher stung hannendrun an huet sech vrecktgelaacht bei deem ubléck wéi d'Häcki verzweifelt versicht déi déck këscht iwert de lastik ze wuchten !!!

Verschiddener wéi eist Bimchen, déi porett, hun sëch haut nach nët ganz erkritt .... gaaschteg fraleit, alleguer!

Ärt Susi

Monni Appel Offline



Beiträge: 157

06.06.2007 15:09
#14 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

hehehehehehe, exzellent dei dooten, merci susetchen fir dei wertvoll informatioun, wärt daat wessen mat genoss bei bedarf gebrauchen

besserwesser Offline



Beiträge: 134

07.06.2007 14:07
#15 RE: nationaléquipe - thw kiel Antworten

daat as jo wirklech witzeg, daat do! ulalala

Seiten 1 | 2
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz