Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 11 Antworten
und wurde 853 mal aufgerufen
 Divers
Hooligan Offline



Beiträge: 138

13.06.2007 22:07
Handballer vum Joer Antworten
Wollt emol froen ween fier ierch dei 3 beschten Handballspiller vun der leschter Saison sinn, dei Emfro ass net representativ, mais weilt wessen wei dier denkt! Leider hunn mer keng Journalisten dei daat an Zeitungen fier eis maan. Also stemt flaisseg oof!

Bis dann

Aeren Hauli
häckefransous Offline



Beiträge: 763

14.06.2007 08:27
#2 RE: Handballer vum Joer Antworten

huhu hauli!

daat as jo mool eng gudd fro!

Ech sin eierlech, fir mech as e goolkipp d´nummer 1! leider net de kata (2.beschten!!!) mais den mike majerus vun bierchem.

bei eis keim den ex-feschlenger detch a fro, deen seng bis elo wuel bescht saison gespillt huet!

fir den bocki kennt et nach e bessen ze frei, mais ech denken him geheiert d´zukunft!!!

mir waren dei homogenst équipe, do war et schweier een erauszehiewen!

emol kucken, wann eisen "pink boy" sascha erem sérieux gett, trauen ech och him esou munches zou.


genug geschwaat, den mike as fir mech beschten handballer 2006/07! (handballer, as daat net en ex-thüringer???)

ären häcki

mull-inski Offline



Beiträge: 1

14.06.2007 10:31
#3 RE: Handballer vum Joer Antworten

hallo alleguerten.....weem ech wuel sin ne dat fent keen eraus hehe
majo ehm sin awa roosen dat ech net gewielt gin sin ne beschten spiller vun der saison gell mae bon.........maan den geck hehe
majo ehm bis dann eng ka ne an sin gespaant ob naechst saison waat daat get mam lehmann......
jojo ma eddiiii bis den owend...ciao

LSky Offline




Beiträge: 464

14.06.2007 10:49
#4 RE: Handballer vum Joer Antworten

E schéinen...

Ech muss dem Haecki recht gin den Mike Majerus ass fir mech och deen beschten dëst joer immens konstant wéi mir hien kennën.
Dono muss ech awer soen wor ech perséinlech vum Romain Labonté beandrockt, et wor déi stärksten saison déi ech vun him gesinn hun.
En huet dës Saison aus allen Lagen getraff an hannen wor hien eng Bank wéi ëmmer. Ganz staark eisen Romain!!
Ech wëll domat nët soën dass eisen Gilles eng schlecht Saison gespillt hätt hien hat an décisiven Matcher eng Bomme Leeschtung bruecht,
fannen awer dem Romain seng méi konstant an méi disziplinéiert. Mee do kënnt eisen Gilles och nach hin.
Dann fällt mir dann en gewëssenen Link vun Dikrech an hun zwar nët esouvill Matcher vum him gesinn mee déi prestatiounen déi
ech gesinn hun woren der Wert.

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

14.06.2007 11:17
#5 RE: Handballer vum Joer Antworten

fir mech huet den Mike M. alt erëm eng Supersaison gemach.
De Link as natiirlech och een Kandidat. Hien as den Spiller um CHEV! Allerdings muss hien mat de Féiss um Buedem bleiwen.
Den Detch huet haptsächlech de läschten Mätch entscheed awer soss huet hien vill Punkten agebéisst duerch seng "nët" Disziplinn! Hien wäert sech do och besseren!
De Seho huet och een super Playoff gespillt.

OPTIMIST Offline



Beiträge: 14

14.06.2007 11:38
#6 RE: Handballer vum Joer Antworten

Salü.

Interessant Emfro dat mat den 3 beschten Spiller......an wéi ass et dann mam beschten Trainer vun der Saison 06/07???

wolli Offline



Beiträge: 114

14.06.2007 12:12
#7 RE: Handballer vum Joer Antworten

Et kann e jo fun him hallen wat et wel, fir mech as den treiner vun der saison den Otto, an dat ganz klor, wann en kuckt wou mer am dezember stungen, an dun awer nach champion gin sin, natirlech hun spiller och hieren del dozu bei gedro, sie stin jo um terrain an net den trainer. Nemmen schued dat eisen commite daat en bessen anescht gesin huet, me bon dat as leider esou, et hescht jo net emsos "nul n'est prophète en son pays".

Also trainer vun der saison : Otto

LSky Offline




Beiträge: 464

14.06.2007 12:33
#8 RE: Handballer vum Joer Antworten

Trainer vum Joer?

Muss déi fro wirklech gestallt gin?
Fir mech och den OTTO.
Firwat? En trainer gëtt un resultater gemooss. Déi woren nëmmen duerch en doublé ze toppen!
Ok dat gëlt och fir den Bierchemer Trainer deen seng Saison och nët an de Sand gesaat huet,
deen hat awer aner Zieler, ech erënneren drun den Otto sollt eng nei équipe mat eisen Jonken opbauen.

Ech fannen wéi de Wolli et schon gesoot huet wou stung d'Equipe an déi eenzel Spiller den Dezember
an wou stinn se haut. Eis Spiller hun all progresséiert eng ganz reih vun hinnen méi wéi däitlech.
Et stëmmt den Trainer steht nët um Terrain mee brengt d'Spiller dohinn.

Sengem Nofolger wënschen ech hei déi selwecht réussite. Fir hien wärt awer och gëllen try lacin' Otto's boots!


OPTIMIST Offline



Beiträge: 14

14.06.2007 13:11
#9 RE: Handballer vum Joer Antworten

Dem Otto seng Kompetenzen bleiwen jo - dieu soit loué- am club, dat woar clever vum Komité!

Hooligan Offline



Beiträge: 138

14.06.2007 13:40
#10 RE: Handballer vum Joer Antworten
Main Handballer vum Joer ass ganz kloer de Romain! Heen wuar an der Verteidegung konstant wei emmer, an huet um Pivot iwwerzeegt, bravo Rom. Dono kommen fier mech den Mike Majerus, wei soss och huet heen rem gudd gehaalen, awer och e Mann wei de Fred Anobile vum HBD daerf een net vergiessen, ech fannen heen huet immens vill Progrèsen gemaach. Aanerer keimen och nach an Fro wei eisen Detch, oder eben de Link.

Trainer vum Joer ass ganz eindeuteg den OTTO PARISOTTO!

Bis dann

Aeren Hauli
häckefransous Offline



Beiträge: 763

14.06.2007 14:00
#11 RE: Handballer vum Joer Antworten

huhu dir !

ech muss mech hei entschellegen! ech hun wirklech den romain labeauté vergiess!!!!

wei konnt mir daat passeieren??? esou epes nennt een wuel alzheimer! pardon pardon pardon!

wollt nach soen dass mir den wagner vun bierchem och emmer matt enger souveräner leeschtung geint eis opgefall as!

den kata as wuel net esoufrou matt him, hätt hien gär zu esch gesinn!!!

trainer vum joer?

majo fir mech och den otto! seng kompetenz as vu kengem, och vum comité leiwen wollichen, a fro gestallt.
ech denken am leiwsten hätt jiddereen e gären als trainer gehaalen. leider, dir wesst et all, gouffen et aaner
problemer dei leider zu desem entschloss gefouert hun! dir hudd awer recht ech hoffen hien bleiwt am club, an vieleicht gesinn mer hien an e puer joer erem op der trainerbänk vun der eischter!

ären häcki

besserwesser Offline



Beiträge: 134

01.07.2007 13:24
#12 RE: Handballer vum Joer Antworten

JO, DEN MIKE WAR DE BESCHTEN! WIRKLECH

 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz