|
LSky
Offline

|
|
01.10.2007 09:35
|
|
|
Ech fannen et schued dass 2 Equipen nët méi wéi fréier virun deenen respektiven 1 Equipen spillen, dass dat am Playoff nët méi geht ass kloer, vu dass et bei den 2 Equipen kee playoff gëtt. Mee bis dohinn hätt een villäicht e bëssen dono kënne kucken.

| | |
|
|
wolli
Offline
|
|
01.10.2007 10:19
|
|
|
Do gin ech der recht LSky, den spillplang do as egalwat.
| | |
|
|
|
Dât misst vun der FLH festgeluecht gin,wann een de Programm festleet an déi Eischt spillt den éischten Mätch auswärts an déi 2 doheem dann ass et praktesch onméiglech nach een puer Mätcher zesummen doheem ze spillen. Och wär et fiir Vereiner vum organisatoreschen hier méi einfach.
| | |
|
LSky
Offline

|
|
01.10.2007 14:27
|
|
|
Dass déi verschidden Spillpläng d'Federatioun virun organisatoresch Problemer stellen ass kloer. Mee wann zb 1 Equipe samschdes um 7 auer géint Bascharage zu Bascharage spillt an 2 Equipe géint 2 Equipe vun Bascharage um 7 zu Esch do verstinn ech näischt méi, wéinstens bei deenen Matcher hätt een kënnen an der regulärer ronn en effort machen. Dass et am playoff nët méi méiglech ass, ass kloer. Do entgeht mir dann elo e Spëtzematch.

| | |
|
|
|
Leider as dat esou, an d'Veräiner mussen fir esou Spilldeeg 2x esou vill Leit fannen fir hiren Kalenner ze organiséieren!
| | |
|
|
|
huhu!
dir hudd recht! mais ewei iwerall as net emmer alles logesch waat kinnt logesch sin! mais d´vereiner hun jo all genug leit dei höllefen, oder net???
waat ech awer mei schlemm fannen, as dass d´regelen dei fir jidder verein gellen, net respekteiert gin, an bis an dei lescht instanz ugefecht gin. ech färten, geschwenn mecht jidereen waat e wöll, an op daat gudd as fir den letzebuerger handball, wärt sech erausstellen!
ären fronsä d la hä
| | |
|
|
|
Ech mengen mir loossen se all op hirer Mëscht wurschtelen an kucken dat mir erëm eng konkret Richtung ageschloen kréien als Veräin! Wann eis dat gléckt dann brauche mer nët no anerer ze kucken a scho guer nët eis mat transferts Problemer opzehalen.
| | |
|
|
|
Wann mer schon bei der Thematik sinn, hunn lo grad festgestallt datt bei eisem ''Calendrier gobal'' d'Seniors 2 Coupefinallen un engem aaner Weekend sollen sinn wei dei vun den Seniors 1. Ech wollt froen op daat esou ass, well laut der Féderatioun hierem Site d'Seniors Coupefinallen all dee selweschten Weekend sinn, oder ass do just en Tippfeeler ennerlaaf?
Aeren Hauli
| | |
|
|
|
Se sin verluecht gin op den 1. Weekend am März! Gëtt à jour gesaat. Emol een wou déen Programm kuckt... ;o)
| | |
|
LSky
Offline

|
|
02.10.2007 11:34
|
|
|
Mir ass et am prinzip och egal wat déi aner maachen. Mee gesinn et awer skeptesch wann eng Federatioun sech Statuten gëtt déi vun jidderengem ugeholl gin, déi awer bei der éischter geleeënheet virun all méiglechen Instanzen a Fro gestallt gin.
Mee komm mir gesinn dat ze schwarz fir déi delikat matcher loossen mir eis de karabatic oder säin cousin als Consultant kommen. A wann mir dat nët därfen dann soen mir déi aner hätten gefuddelt an kréien dofir näischt vum Chrëschtkëndchen!
UUpps mir brauchen den karadingsbums guer nët, well mir hun jo eisen Martin!! An eisen Bocki eisen Dech eisen Jo eisen Marc eisen Cata eisen Romain eisen Jeff eisen Eric eisen Pistou, eisen Sascha, eisen Thierry etc etc etc etc.

| | |
|
|
|
|
|
|
|
www.handballesch.lu