Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 9 Antworten
und wurde 596 mal aufgerufen
 Matchs
Bim Offline



Beiträge: 115

01.10.2007 10:42
Esch - Bierchem Antworten

Bravo Jongen,
Daer hudd Iech selwer bewissen datt mat Solidaritéit um Terrain vill ze machen ass. Och wann daat Spillerecht (nach) e bessen op der Streck bliween ass. Ech si secher datt mat der Astellung vun e Samsden, vill Equippen Problemer kréien eis vill Goaler ze schéissen. Weider esou !!!

Peurldlinia Offline



Beiträge: 13

01.10.2007 11:58
#2 RE: Esch - Bierchem Antworten

Ewei Zeitungen dât âwer elo schon schreiwen, dass maer erem Titelfavorit sin, fannen ech trotzdem een beschen wéit hier geholl. Ma et woar fiir des Saison bei weitem eisen beschten Mätch. Weider esou an keng Angscht virun kengem.

BrunoPirelli Offline



Beiträge: 13

01.10.2007 14:38
#3 RE: Esch - Bierchem Antworten

An der Zeitung steht vill wann den Dag laang ass. D'Equipe war solidaresch an
huet zu aalem fighting spirit zereckfonnt. Wéi de Bim dat treffend bemierkt huet
ass do awer nach méi dran. Sollt d'Equipe et färdeg brengen sech weider vun
match zu match ze steigeren an zum Schluss d'chance hun en titel ze gewannen wärten
si déi chance bestemmt notzen. Weider esou.

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

01.10.2007 15:51
#4 RE: Esch - Bierchem Antworten

Et as nach ganz laang bis ofgerechent gëtt!
Dat kënt dach eisen Géigener erëm ze Gudd dat mir als Favoriten gehandelt gin.
Mä richteg as dat net ganz... wann een gesäit wéivill Leit an den läschten 3 Saison'en gaangen sin an wéivill mir der konnten kompenséieren fannen ech dat eng super Leeschtung fir géint Bierchem ze gewannen.
Als Favoriten missten déi gehandelt gin déi virun der Saison och vill gehandelt hun, do wees jo jidderéen wien domat gemengt as! Fir dann dohir ze kommen an ze soen dat emol gekuckt gëtt, an dat all Equipe gläichwäereg as, asw... as fir mech déi falsch Manéier sech aus dem Drock vum Favorit ze léisen.
Wann mir als Favorit sollten ugesin gin, sin ech mer sëcher dat eis Jongen dat och esou wäerten droen an hiert bescht och gin fir dem gerecht ze gin.
Déi wou do sin zéien sech jo hoffentlech nët eweg vun hirer Responsabiléitéit!

LSky Offline




Beiträge: 464

01.10.2007 21:44
#5 RE: Esch - Bierchem Antworten

Dat ass schon enorm wat mir an deenen leschten joeren un substanz
verluer hun, an trotzdem kënnen mir nach mathaalen. Bravo Jungs!

Ech mengen net dass mir Escher de Favorit sin. Do sinn dat éischter Diddeleng
oder Bascharage mee trotzdem ging ech soen dass bei eis no uewen nach méi dran
ass.

Einfach rueg weider schaffen an kucken wat kënnt.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

02.10.2007 09:01
#6 RE: Esch - Bierchem Antworten

huhu dir !

ech hun zwar just dei 2. halschent gesinn, mais ech muss soen, dass ech schon iwerascht sin, dass mir dei bierchemer mat just 1 punkt erem konnten heemschecken.

eng wichteg victuar secherlesch, mais am wichtegsten an mengen aan as, dass d´spiller gemierkt hun, dass wann sie all un engem strang zeien, keen onbedengt vill besser as ewei sie! do sin dann oft klengegkeeten, dei den ausschlag gin, wei technesch fehler, chancenauswertung asw.

vun menger seit bleiwt ze soen, weider sou, an wann den pistu sengem numm weiderhin esou ewei e samschden gerecht gett, kann et dess saison awer eppes gin!

waat dei aaner saach matt der verluerener substanz ugeet, muss een eben kucken erauszefannen wourun daat leit, eppes ze änneren, dei leit unzeschwätzen, an se erem op esch ze huelen!

vive les pirates...

mais waat seet dem wolli sein beschten kolleeg de besserwesser dozou???

na ja och egal



OPTIMIST Offline



Beiträge: 14

02.10.2007 12:11
#7 RE: Esch - Bierchem Antworten

A propos "Substanzverloscht" - d'Gestioun vun eisem Spillerpotential ass extrem wichteg, dat huet jo secher jiddereen no dem Aderlass 2007 gesin.....eis jonk an manner jonk Talenter mussen weider fidéliseiert gin an exzellent Perspektiven zu Esch hun

wolli Offline



Beiträge: 114

02.10.2007 14:35
#8 RE: Esch - Bierchem Antworten

Favorit hin, favorit hier. Am beschten as mer kucken net donno wat dei aner machen, me konzentreiern eis nemmen op eis egen leschtung, an wann maer dann sollten chance op en titel hun, waerten mer se schon noetzen. Et as no 2 championnats an engem coupmatch nach vill ze frei fir vun favoriten an floppen ze schwatzen, ech mengen dat en ereicht no den aller-matcher eng eischt tendez kann gesin, an bis dohin as et nach en bessen.

LSky Offline




Beiträge: 464

02.10.2007 14:49
#9 RE: Esch - Bierchem Antworten

Ech mengen nët dass irgendeen de veräin verlooss huet mangels perspektiven.
Wann een beim Champion wou déi aal bereedwëlleg platz machen keng perspektiven huet wou dann?

Hängt natiirlech dovun of wat een mat perspektiven mengt?

An fir mech bleiwt Diddeleng an Bascharage favorit esou laang wéi do schon un der Championsequipe
geschafft gëtt ass irgendwann d'Zäit komm fir ze soen elo oder ni. Ech hoffen naatiirlech dass mir
e wuert matschwätzen, gesinn eis awer éischter an enger Opbauphase fir déi nächst Generatioun laangfirsteg
erëm am ierweschten Tabellendeel ze etabléieren.



besserwesser Offline



Beiträge: 134

02.10.2007 15:04
#10 RE: Esch - Bierchem Antworten

HALLO DIR LEIW LEIT AUS DEM SÜDEN! WOU SOLL ECH UFÄNKEN??? OK! FIR D´ALLEREISCHT E KOMPLIMENT UN ESCH, ECH WAR E BESSELCHEN PAFF IWERT ÄR REAKTIOUN, NO ENGER DACH RELATIV MINCER PRÉPARATIOUN ! VIRUN ALLEM DEN PISTOLAZY HUET MECH IWERRASCHT, HIEN KANN TATSÄCHLESCH OCH HANDBALL SPILLEN! NAJA FIR DEN PLAYOFF MISST DAAT DUERGOEN, ECH KANN IECH LEIW LEIT AUS DEM SÜDEN BEROUEGEN. WAAT MER SUERGEN MECHT, SIN DEI BIERCHEMER, WELL AN NORMAALFORM HÄTTEN SIE E SAMSCHDIG SECHER GEWONN WEI OCH ÖMMER, D´SAISON VERSPRECHT. E SAMSCHDIG GETT ET DANN WUEL AWER DEI EISCHT OP DEN DECKEL. DEN MARTIN H. MECHT DAAT SCHON ...
ÄREN BESSERWESSER, DIR WEEST SCHON, DEEN MATT DÄR ROUDER NUES

 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz