Alles as méng schold, well ech ze feisch woar mech géint méng "autoritéiten" duerchzesetzen. Nodeems mer déi läscht mätscher der bal zevill haaten, hun ech gemengt et wären der e samschten genuch do. Fatalen fehler ...
Elo emol am Eescht, wat een vum fujimu jo beileiw nët gewinnt as.
Am sport muss een fair sin, dat heescht och deenen diddelénger hier victoire gonnen, wann se déi verdingt hun, an e samschten woar dat wuel esou. Hier leeschtung verdingt eise respekt.
Ech sin iwerzeegt, dass wann eis jongen hier saach seriös huelen, zesummen haalen, sëch um biiz rappen, sëch nët an d'box maan a weider schaffen, dann sin se geschwënn champion an dësem land. Ob dat an der saison 2006/2007 as oder an der nächster spillt do keng roll. Kukkt ierch d'altersmoyenn vun där equip emol un! An deem alter souzen mär samschtes owes an der tribün an hun de senioren nogekukkt, villäicht woaren een oder zwee jonker derbäi an déi kruuten spläiteren an den oarsch vum op der bänk sëtzen. Esch huet eng vun deene beschten equipen an mat oofstand dat gréissten potential op grond vun der qualitéit vun sénge spiller an hierem jonken alter. Solle mer eis dann doriwer lamentéieren dass déi jonk borschten och nach eppes am kapp hun an an der woch am ausland op der uni sin an dofir nët esou vill un training ? Kabes!
Hei sin d'supporteren vun eisem veräin gefuerdert: Huelt är fändelen, trooteren an trommen aus dem schaaf a weist dem Trainer an sénger équip dass der se ënnerstëtzt, an dass der vertrauen an hieren erfolleg hudd. Dann léisst deen erfolleg och nët méi laang op sëch waarden.
A wann der dann nach zäit hudd, kommt Esch Zwee kukken, do gëtt et ëmmer eppes ze laachen.
Dat as en tatsächlech !!!! Do wärten dem häckefranzous awer d'ouere schéin rout ulaafen wann en sëch an där tenue am forum gesäit.
Wär villäicht eng iddi en vue vun neien tenuen fier eis equip. Wéi soot de Presi viru joeren: gëff mer déi kleng box, dann hun ech méi e gä..en a..... Esou munech een kann sëch nach drun erënneren wat e puer minuten méi spéit geschitt ass!
Eis interesséiert ët nët ween s'du bas esou laang s'de nëmmen nullitéiten vun der gëss.
Also verhaal der: fier d'éischt denken ... nach, nach, .... nach e bësschen ... sou, elo kann s'de schreiwen. Villäicht kënnt dann eppes, wann och nët gescheites, zumindest vertrietbares an eise forum. kapito ?
Wat déi zweet ubelaangt, eng partie 50:50. Éischt halschent top (+4 an der paus), déi zweet Flop, keng loft, an -4,5 oder 6 verluer. De Sven huet gemengt, den arbiter hätt eis verpaff (déi meescht gesin dat awer anescht). Ech sin der meenung et soll een an der ënnerzuel keng manndeckung spillen, mee am joer 2006 gët jo anescht gespillt wéi zu ménger zäit.
Du solls awer ufänken der suergen ze maan, respektiv fläisseg ze trainéieren. Um pivot as déng zukunft, wann s'de nach wëlls an d'équip: e stargoalie as gebuer un aacker zu bass-am-oarsch
LUKE FIR LËtzebuerg
Nodeems zu diddeléng d'kand an de pëtz gefall woar, sin der e puer aus der zweeter mat hieren alen kollegen nach eng kéier ugetrueden. De mätsch vun den "anciennes gloires" woar eppes fier handballestheten. En "augenschmaus" soen se dofier am ötziland.
Kee wonner dass keen sëch mellt zu deem thema: déi zwee supporterInnen déi de wee op beetebuerg fonnt haaten sin vun laachen vun der tribün gefall a leien am spidol, déi bedeelegt déi um terrain stungen schummen sëch a grond a buedem, de coach hällt sëch dezent zeréck, bleiwt de poulet: dee soutz de ganze mätsch an der büvett, et gouf härno keen béier méi.
Wat e misär, d'jongen aus dem minett kënnen keng spaghetti vun engem saak gromperen ënnescheeden!!!
Wat d'spaghetti ubelaangt, huet de millup natierlëch räscht: déi déck oder an d'dreckskëscht domat. Déi dënn si jhust gudd fier an d'zopp (an dann an d'dreckskëscht).
Dat wëll ech op dëser plaaz emol an aller däitlechkeet gesot hun !?!
Wat d'nuddel vun e samschten ubelaangt, schléissen ech mech un: SÜKKÜLÄNT seet de franzous.
An wat d'matiär premiär ubelaangt, tippen ech op: Pipe Rigate !
Handball Esch II - E samschten zu Diddeléng gët zelebréiert