Et gëtt dach vun bal jidderengem gewierdegt eben just nët vun deem richtegen dem Nationaltrainer oder sengem Chef.... sorry ech konnt mer dat nët verpëtzen.
Ech gesinn déi Escher sinn och hei aus der Wanterpaus. All respekt fir déi Leeschtung vun e Samschdeg, ech hätt net geduecht dass Esch den HBD esou ging an den Grëff kréien. Et gesäit esou aus wéi wann déi Escher prett wiren fir den Play-off.
An der Zeitung steht vill wann den Dag laang ass. D'Equipe war solidaresch an huet zu aalem fighting spirit zereckfonnt. Wéi de Bim dat treffend bemierkt huet ass do awer nach méi dran. Sollt d'Equipe et färdeg brengen sech weider vun match zu match ze steigeren an zum Schluss d'chance hun en titel ze gewannen wärten si déi chance bestemmt notzen. Weider esou.