Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 10 Antworten
und wurde 660 mal aufgerufen
 Matchs
LSky Offline




Beiträge: 464

16.03.2007 10:40
Red-Boys II - HB Esch II Antworten

Salut alleguer,

Sidd dir all motivéiert fir muar?

Ech freeën mech ganz besonneg op déi Pizza zu Bassamarsch no dem Match vun eiser éischter deenen ech ganz besonneg Daumen drecken.

A propos pizza ären LSky huet sech soen geloss dass eisen realFreestyler deen läschten training e neien rekord am Pizza tesselen opgestallt huet.

19.00 d'frisur ass an der reih dem Freestyler geht et gudd.

19.15 et geht lass den Freestyler ass nach ëmmer labber drop.

19.40 den Freestyler ass an trouble

19.45 den Freestyler ass verschwonnen .....

Mais als gudden Escher wor hien kuerz drop erëm am asaatz an huet sengem numm nees all éier gemaach.

Also Freestyler

Elo därfen déi mat steng geheien deenen daat nach ni virkomm ass.... awer nëmmen déi!
Mais villäicht huet do och nëmmen een mir eng gekreckelt an dat wor alles guer nët wouer.

Wënschen iech all e schéinen Week-end, main fänken ech den owend an der Kölnarena bei den Zebraen un!

@l@in Offline



Beiträge: 32

16.03.2007 11:38
#2 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten

Oh nee du och den Owend an der Kölnarena, kann een awer neierens mei hingoen ;).

Da passen ech haut mol bei puer spillzich genau op, da kennen ma dei io muar keint Red Boys fircelebreieren.

Da bis muar, ech sin rem dobei, mee hun sou gerüchter heieren wei wann eisen Hauli verletzt waer, net wei wann dat wichtech waer, mee wollt dat einfach mol sou soen .

LSky Offline




Beiträge: 464

16.03.2007 12:14
#3 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten

Déi idee ass ganz gudd, mir gesinn do bestëmmt e puer sauer spillzich.
Ob mir déi ëmsetzen kënnen? Dovir sin mir wuel zwee Käpp ze kleng eng Idee ze lues well Kiloen hätten mir genuch.

Den Hauli verletzt? Ech hoffen awer fir hien dass en et awer nach packt fir e samschdeg, schliesslech brengt hien
jo de cajot matt!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

16.03.2007 14:19
#4 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten

da si mer derbei!

freen mech op dei spillziich!

wei geet et dem hauli dann???

wou gin et dei steng fir op den vrysteiler ze geheien???
da sin ich derbei!

kölle mir komme...

susi Offline



Beiträge: 95

16.03.2007 16:38
#5 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten



Hey Jabba the Hutt,

Woar dat mat der pizza just eng alledung fier dem RealFreestyler - als "His Pukeness" geadelt - séng erbärmlechkeet vun gëschter anzeleeden, oder as dat eescht gemengt fier e samschten esou eppes zesummen verquëssen ze goen ?

Wär nämlech guer keng esou eng schlecht iddi, wann s'de mech frees.

Däin Susi

häckefransous Offline



Beiträge: 763

19.03.2007 10:40
#6 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten

huhu dir !

22-40!

jo dir liest richteg! daat war d´endresultat e samschden no baal tadellosen 60min bei den red boys. ech gin esouguer esouweit ze behaapten, dass wann mer nach 30 min. gespillt hätten, et nach mei heisch ausgaang wär!

no engem 14-14 an der paus, mir haaten all e bessi gepennt, huet eisen trääner ons an der paus waackreg gemmach an mir hun eis taktik totaal ömgekrempelt! als allereischt krutt eisen kieper gesoot, hien soll emol e puer bäll haalen!

deen huet du gesoot, ok wann ech der e puer haalen, dann laafen mer konterattacken. daat huet den schockisse rom an den hals kritt, an dun huet hien daat gnadenlos ömgesaat. esouguer eisd susi huet gescort ewei benzeg!!!

eenzeg den thurmessen zwerg (oder war et serg??? egaal) huet dergeint gehaal, an den häcki am escher gool baal zum verzweifele bruecht. denn huet him d´fröschaft gekönnegt! esou eppes möcht ee net

majo bleiwt nach ze erwähnen , dass eisen hauli, matt 3 gooler an der schlussphaas, seng torflaut endlech iwerwonn huet, an sein selbstvertrauen domat misst gestärkt hun! weider esou

zu gudder lescht eisem einäugegen marco eng gudd besserung! hien keint roueg eng photo op desem site astellen!
huet gudd ausgesin!!! hoffen awer et verheelt erem komplett

bis dann
ären

LSky Offline




Beiträge: 464

19.03.2007 11:15
#7 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten
Häckovic et wor 23-41 baby

@Susi, léift susi den LSky kennt bei Pizza kee spaass a keng gnod, Grondnahrungsmëttel sinn wichteg! An deem Sënn rendez-vous nächsten Sonndeg an der nächster Pizzeria.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

19.03.2007 11:19
#8 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten

sorry! schande auf mein haupt!

Hooligan Offline



Beiträge: 138

19.03.2007 18:00
#9 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten

Salut, wollt just froen ob muer awer Training ass, obwuel dee Match geint d'Nationalequipe vun de Junioren ass.

Merci am Viraus.

Aeren Hauli

susi Offline



Beiträge: 95

20.03.2007 08:39
#10 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten



Horridorri,

Ech machen der eng propos: fierwat spills de nët bei de Junioren mat?

Ech mengen den owend um 7 trainéieren d'meedecher vum basket, do géifs de och eng gudd figur maachen.

Your choice,

Däin Susi

häckefransous Offline



Beiträge: 763

20.03.2007 08:42
#11 RE: Red-Boys II - HB Esch II Antworten



mengs du esou eng figur????



 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz