|
|
Bim
Offline
|
|
20.03.2007 08:43
|
|
|
|
|
|
ohlala, do waren mer e bessi laanscht eneen gerooden!
firwaat hues du mer daat mam modernen handball net eischter gesoot?
ciao bello
| | |
|
|
|
deen éischten gudden Grond firwat den Pivissimo Grandioso dir dat net éischter gesoot huet as...
1. Du häss dat ëgal wéi nët esou laang verhalen ! ;o)
| | |
|
|
|
huhu canemaintéresspaawekquitüparl!
waat mengs du????
ciao
| | |
|
LSky
Offline
|
|
20.03.2007 09:53
|
|
|
Häckidichtovic
Hien schwätz dir vun Esch Alzetteheimer!!
| | |
|
|
|
komesch, ech mengen ech hätt daat schons eng keier heieren!
sin mer awer net mei secher, oder dach???
nee awer net
ciao
| | |
|
|
|
Halli alleguer,
ech gesinn et deet sech rem sou lues eppes hei. Hoffen mer sinn och e Sonnden um Terrain rem sou aerdeg, a maan dei Mierscher platt.
@Bim: Ech hunn meng Trefferquot verdaut a probeiren zu Miersch rem sou gudd ze spillen. An e Sonnden ob der Jeunesse haaten mer just e Misère, et get de Beier just nach a Plastik-Bescheren.
Also bis dann
Aeren Hauli
PS: Wees dann een ob haut Training ass oder net?
| | |
|
|
|
@Hauli... fir 2 cents iwwerléen an dann fënns de dat selwer eraus! ciao
| | |
|
LSky
Offline
|
|
20.03.2007 15:45
|
|
|
@Haulissimo
Den Owend hues du déi grouss geleeënheet dech géint eis Juniorsnationaléquipe ze beweisen an dech fir e Sonndeg anzeschéissen!
| | |
|
wolli
Offline
|
|
21.03.2007 08:21
|
|
|
Muss dem hauli en kompliment machen fir seng leschtung gescht, 2 goler geint nationalequipe, dovun en am fallen, respect. Et get awer och eng schlecht noricht fir 2 equip, susi huet sech verletzt a fellt lo fir en sonnden aus.
| | |
|
LSky
Offline
|
|
21.03.2007 08:48
|
|
|
Genial
| | |
|
|
|
majo super!
susi, iess emol erem eppes, keen wonner dass du ömmer bobo hues!
ären häcki
| | |
|
susi
Offline
|
|
21.03.2007 09:14
|
|
|
Hallo Mädels,
Yo, wuar gëscht mam "Volkssturm" vum HB Esch derbäi géint d'analéquipe vun de scolairen. Sin vill gehéist, hun (bal) alles verschoss, wéi och déi aner (bis op den Häuli), hun awer missen (bal) de ganze mätsch spillen (a laafen wéi e wisel) do as et 5 min virum enn geschitt: bei engem versichten uspill op den pivo-häuli hun ech mer e knackoarsch an där wued gerappt, déi wou schons am januar futti wuar.
Dofir gët et e sonnden keng pizza!
Dat wär nët schlëmm, mee eisen Rübezahl mat der sex huet et och erwëscht, loose mer hin d'daumen drécken dass en e samschten spille kann.
@ Häcki: haut iessen ech fësch - keng scampien - dat as gudd fier de kapp. Hat gëscht nämlech och e ball voll an d'gosch kritt.
Haalt d'ouere steif,
Ärt Susi
| | |
|
|
|
huhu susibeibi!
ween as dann rübezahl???
hues du och esou e blood aahn wei den marco???
froen iwer froen iwer froen ...
| | |
|
susi
Offline
|
|
21.03.2007 12:01
|
|
|
Ooooooooooooh Häcki,
Du bas wierklech vun engem aaneren stär. An du kenns déng klassiker nët ("Legenden vom Rübezahl", Johann Karl August Musäus (1735 - 1787)).
Also Rübezahl steht am vollécksmond fier e monsieur deen besonnesch grouss a kräfteg as. An an der éischter as nëmmen een esou. Dofir därfs de nëmmen zweemol roden.
Ech hun keen blood aahn mee e roude känki.
Däin Susi
| | |
|
|
|
|
www.handballesch.lu