Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 9 Antworten
und wurde 748 mal aufgerufen
 Divers
Hooligan Offline



Beiträge: 138

22.04.2007 21:31
Zukunft 2.Equipe? Antworten

Bon, geschter hu mer fier 2. des Saison forfait gemaat, wei geet et elo fier de Rescht vun der Saison weider. E Sonnden zu Peiteng ass de Bim secher net do, mais de Schmitti, Thierry an Marco sinn rem dobai. Waat geschitt elo, spillen mer dee Match oder net?

An wei ass et fier naechst Saison?

Bis dann

Aeren Hauli

susi Offline



Beiträge: 95

23.04.2007 09:31
#2 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten


Gudd fro, Hauli,

Et as zimlech lamentabel festzestellen dass et zu esch mëttlerweil an den alterskategorien iwert den scolairen - déi ech wëll félicitéieren fier hiere mätsch vun e samschten géint bierchem - nëmmen just nach ... eng eenzeg seniorséquipe gët a soss näischt méi.

Ech hoffen dass den Hauli onrecht huet an dass et zu esch méi leit gët déi wëllen handball spillen. Ech sin e sonnden derbäi, et sierf dann et géif mer dës woch um training eng passéieren. Sollte mer awer keng 7 leit zesummen kréien, sollte mer dat e puer deeg am viraus wëssen. Et as nämlech sch.... fier sëch de week-end zäit ze huelen fier op e mätsch ze fueren an dann an der ënneschter béchsi gewuer ze gin dass nët gespillt gëtt. Déi zäit wär nämlech och mat méngen kënnecher gudd ugeluet.

Eng aner fro as och berechtegt: wéi gesäit et d'nächst saison aus ? Ech haat emol wëlles nach e joer drunzehänken. Fehlen der nach 6! Ween huet loscht ?

Ärt Susi



wolli Offline



Beiträge: 114

23.04.2007 10:04
#3 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

Also en sin mol fir sonnden dobei, an well och next saison nach spillen. Hoffen jo mol dat mer eng equip zesummen kreien. War nemlech wirklech schued wan dat do et lo gewiercht wer mat der 2 equip vum HB Esch.

@l@in Offline



Beiträge: 32

23.04.2007 11:16
#4 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

Salut,

also ech hoffen jo mol dass ma nächst Saison nach eng equip zesumen kreien.

Fir e Sonnden waer ech awer frou wann en do geng wessen op ma eng Equip hun. Dofir wees ech nanet op ech ka matspillen, well ech hun keng Loscht ma frei ze huelen, an dann spillen ma rem net!

LSky Offline




Beiträge: 464

23.04.2007 12:03
#5 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

Also zum leschten W-End fir eis 2 équipe wor et leider keen groussen Dag.
Zwee aus eisem 7 de base woren aus Familiären grënn verhënnert déi hun dat zwar ugekënnegt an hun dat och nach emol per SMS bestätegt.
Elo hat ech tatsächlech mäin Handy de ganzen Week-end nët un! Also ass dat wuel meng Schold.

SORRY!

E Sonndeg sin ech dobäi a gin ganz staark dovun aus dass déi zwee aner och do sin, den Häcki alias "ich bin ein Berliner" wärt jo och emol erëm een Week-end am Land sinn, nach besser zu Péiteng.

Wat nächst saison ubelangt machen ech mir keng Gedanken. Den Luke bleiwt an freet sech elo schon drop!

wolli Offline



Beiträge: 114

23.04.2007 12:11
#6 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

Lsky du braus dech net ze entschellegen ech geif jo mengen dat net nemmen du en handy hous me och den rescht vu der equip. Bon soit, geschit as geschit, konzentreieren mer eis lo op peiteng

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

23.04.2007 16:26
#7 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

Ech mengen dat et schud wier fir elo d'office eis 2. ofzemellen!
Rappt Iech zesummen an d'nächst saison kënt och sëcher an best¨mmt kréie mir deen een oder aneren motivéiert fir nees matzemachen!
Ech sin der méenung dat et einfach un der Gestioun vun der 2ter läit.
Do kucke mer dat et besser léeft déi nächst Saison...

häckefransous Offline



Beiträge: 763

24.04.2007 16:06
#8 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

huhu dir leiw leit!

back from berlin! jawohl!

mir geet et ausser menger kronesch geschiedegter nuque ganz gudd!

scheine b´jour vum KNUT fir iech all!!!

ech sin e sonnden dobei, konnt mein arbitrage wiesselen, an hoffen op 7 mann ozu peiteng!

mir haaten se jo baal zu esch matt 6 mann geklappt

fir next joer muss een kucken, ech gin mei bescht!!!

wann een e spiller kennt deen interesseiert wier, dann mellt iech!!!

de simmschen könnt huet hien mir gesoot

bis dann

ären häcki

@l@in Offline



Beiträge: 32

24.04.2007 17:30
#9 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

Dat geseit jo mol dann gudd fir de week-end aus.

Hun jo lo schon mei Leit zesumen wei lechte samsden. Also ech waert och secher présent dann sin.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

04.05.2007 09:06
#10 RE: Zukunft 2.Equipe? Antworten

Wei geseit et mam pittikosse karel aus?

huet soss nach een e spiller parat???

am beschten sollt en neischt kaschten, an mir bezuelen an naturalien & !!!



Collina »»
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz