Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 52 Antworten
und wurde 3.034 mal aufgerufen
 Divers
Seiten 1 | 2 | 3 | 4
iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

21.05.2007 09:49
ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Majodann! Dat bestätegt nëmmen meng Meenung iwwert dem Wäissen Handballmöchtegernalleswisser!
Fir den Handball Esch näischt iwwereg an fir den Handball iwwerhapt kéen Propaganda Held! Wann een gesäit wat den Tim fir de Basket op d'Bild brengt kann een sech froen wéi onwichteg den Handball as!

LSky Offline




Beiträge: 464

21.05.2007 10:05
#2 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Et ass awer normal.

Wann am Basket emol esou vill veräiner an der Coupe d'Europe en Tour weider kommen brauch deen och keng reklamm méi!

Jo ech wees ech sinn schlëmm, ongerecht, de basket kann jo nët dofir, déi verkaafen sech halt besser.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.05.2007 10:07
#3 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

huhu!

handball what´s that????????????????

rtl - ratlos-teilnahmslos-leblos!

schade, awer et war jo ing-marathon!

handballer gi gegrillt...

ären häcki

LSky Offline




Beiträge: 464

21.05.2007 10:14
#4 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Mir sinn dach nach gudd ewech komm.

Déi Diddeldenger an déi vun Bassgarage, déi Fëschlenger etc hun dësen Week-end iwwerhapt nët gespillt!
Op jiddefall huet den RTL et nët matkritt.

ING ass zwar monsterorganisatioun, chapeau fid déi Leit déi daat op d'Been stellën. Am radio hun se de mueren
eppens vun 200.000 Leit um Parcours gesoot. Wahnsinn.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.05.2007 10:25
#5 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

awer kee grond de rescht vum sport ze vergiessen?????????????????!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!

Bim Offline



Beiträge: 115

21.05.2007 12:30
#6 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Ech erlabe mer en Extrait aus engem Bréif hei public ze man deen eise Comité den 25 Mai 2005 schons verscheckt huet a wou et em diselwescht Problematik geet. Domadder hu mer dann elo de Beweis datt se keen Résumé an Analyse vum Mätsch kennen (su wi mer daat schons 2005 gement hun!) Oder dës Kéier wuaren se einfach nemme SPRACHLOS iwert d'Leeschtung vun eise Jongen.
Leider as et hei zu Letzebuerg net méiglech en aneren Medienpartner am Fersehberaich ze kréien !!!!

... In extremis si mer vu Bierchem am Championnat agefaange ginn an opgrond vun deem bestéeenden Modus vum Championnat ass Bierchem och eise wierdege Nofolger. Et kann een awer op kee Fall dovu schwetzen datt eis Saison voller „Ierger an Enttäuschunge“ gewiescht wier. Schliesslech sti mer an der Finale vun der Coupe an daat net nëmmen mat der 1. Equipe, mä och mat de Junioren, de Cadets’en, der 2. Equipe an de Poussins’en.

All dës Tatsaachen maachen eis nach méi rosen iwwert deen jounalistesch wäertlosen an onqualifizéierten „Résumé“ vun eiser Halleffinal géint Käerjéng op der Telé.

Wat geet den Här Régis Thill un a sengem „soi-disant“ Bericht iwwert de Match just Insinuatiounen an Gerüchter iwwert eis Spiller ze verbreeden ? Den Här Régis Thill soll sech op seng Aarbecht konzentréieren an e Résumé an eng Analyse vum Match bréngen (falls säi Wëssen iwwer Handball him daat iwwerhaapt erlaabt)....

wolli Offline



Beiträge: 114

21.05.2007 13:02
#7 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Et huet en leider emmer mei oft gefill dat dei Haerren vun RTL eppes geint den Handball a speziel eppes geint Esch hun. Hat gaer mol gewosst op berichterstattung am fall vun enger Bierchemer victoire genau sou mies gewiescht waer, mee dat gin mier woul nie gewour, wei och emmer et ech soen just "CHAMPION VUN LETZEBUERG CHALALALA CHAMPION VUN LETZEBUERG CHALALALA"

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.05.2007 13:26
#8 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

huhu!

régis thill as nom mätch zu bierchem gesin gin mat treinen an den aan...

ären häcki karahenningschmitzeyer

LSky Offline




Beiträge: 464

21.05.2007 13:51
#9 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Huet hien missen zwibbelen schneiden fir d'bréidercher vum Bal?

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.05.2007 14:47
#10 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

nee hien huet sech batter bekloot, firwaat sech d´schiedsrichteren net mei resolut geint d´victoire vun den escher gewiert hun!

hien soot schmitz/blum hätten ze schnell opgin, an d´spill einfach laafen gelooss!

daat wir schlecht fir seng bierchemer jongen gewiecht, dei jo och schons geint d´diddeldenger équipe vun diddeldeng misse 90´vollgas gin.

dofir war den akku eidel.

an iwerhaapt mengt heen et wir keen abseits gewiecht an den karalabeauté hätt missen eng technesch faute kreien an matt 5 fehler vum terrain goen!

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

21.05.2007 14:49
#11 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

KOMM MIR LOOSSEN HEI EIS KOLLEGEN VUM BIERCHEMER HANDBALL ERAUS !!!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.05.2007 15:09
#12 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

hues du zevill kuch gefriess parltüawekmoa???????????

hei as dach keen beist wuert gefall! just e bessi beschass....

daat wärt jo wuel dran sin oder???

du spillverdiewer

et weess souwisou keen ween mir sin

LSky Offline




Beiträge: 464

21.05.2007 15:30
#13 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

En klengen auszoch aus dem Tageblatt vun haut!

Viele Zuschauer beklagten sich
über schlechte Sichtverhältnisse,
da die Halle einfach überfüllt
war. Wenn man eine ausführlichere
Berichterstattung wünscht,
sollte man auch die Arbeitsbedingungen
der Presse verbessern.
Der kommentarlose Zwei-Minuten-
Bericht bei RTL über das
Topereignis des Jahres im Handball
spricht da wohl Bände.

Wat soen mir dann dozou?
Wéi sollen mir dat verstoen, esou wäit ech gesinn hun soutzen déi Leit vun der Press dach an der
1 reih beim Terrain hannert hirem Dësch. Hätten si gär Logen oder hun ech eppes falsch verstaan?
Den RTL hat seng Kamera dach och wéi ëmmer zentral an der mëtt vum Terrain stoen an een interview
nom aneren kritt. Wéisou eigentlech si hun keen iwwerdroen? Haten si kee strom?

Also eng nei Coque mat Logen wou all Loge seng eegen Zaap huet déi kritt een jo ewell vun Bofferding?
besser wir natiirlech Battin ass dem Krunn och egal. Haaptsaach eng Gäns oder wor dat en anert Thema?

Wat mache mir elo?

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

21.05.2007 15:43
#14 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Ech wees och nët wat eis Tageblatt-Kollegen domat mengen !?!
Ee gudde Mätch, eng Super-Coulisse an eng Mega-Ambiance !
"Dat" Rezept fir ee Gudde Reportage... Mä soit, passons.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.05.2007 15:49
#15 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

de baba geet ze vill basket kucken

do kritt all zuschauer, well de gebuedenen sport meechtens net esou genital as, vun de presidenten perseinlech e glass schampess an d´hand gedreckt!

ech fannen just, den handball misst sech eppes iwerleen beim eralaafen vun den équippen.
e klengt freedefeier à la thw kiel wär dach geil, oder???

Seiten 1 | 2 | 3 | 4
«« Paintball
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz