Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 52 Antworten
und wurde 3.029 mal aufgerufen
 Divers
Seiten 1 | 2 | 3 | 4
häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.05.2007 16:45
#31 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten
den gilles karadechmann kann ech mer net virstellen!

awer et ass schons komesch firwat leit deen verein deen hinnen ömmer d´meiglechkeet gin huet um heckst meiglechen niveau hei zu letzebuerg, hierem sport nozegoen, verloosen an ech soen esouguer jämmerlech am stach loossen!

dass keng stemmung soll sin, muss eierlech gesoot zum greissten deel un hinnen selwer leien, well ech hun wahrscheinlech de champion mei gefeiert, ewei esou munchen spiller, deen next joer net mei fir eis foarwen opleeft!

muss awer soen, dass verschidden methoden dei e gewessenen "ITSCH" aus deifferditsch (och ex-spiller vun esch) am moment uwend, net ganz gentlemenslike sin.

emol kucken waat dobei eraus kennt, hoffen d´spiller faalen net all op dee wouscht eran!

mir sin derbei villes ze änneren, an denken dei lescht zwou wochen hun daat bewisen! am comité sin vill leit dei sech vill mei gin, an daat ouni e merci ze erwuaden! mais verschidde spiller tröpplen daat matt feis, an kreischen, wann een si emol eng keier kritiseiert. ewei soot den otto: si kreien zevill zocker an den arsch geblosen!

ween alles derbei wuar wei eis poussin/minimes/seníors hir tittelen gewonn hun, dee wees vun waat ech schwätzen!

wei gesoot ech sin en ex-bierchemer, an ech kann eierlech verschidden saachen beim hb esch net novollzeien!

waat wellen d´leit dann????

daat schlömmst: si gin op feschleng an deifferditsch

daat kann a well ech net verstoen! waat soll do besser sin??? no all training komasaufen??? as daat de senn an zweck???

dofir brauch ech net ze treneieren, dann haalen ech op, an kann maachen an doen weini a wou ech well!

ech hun nie gär verluer, as daat haut bei de jonke spiller aanescht??? wellen sie just geld, egal wei egal wou?


DAAT AS MENG MEENUNG!

fir next saison, fänken ech noutfalls selwer erem un, a wann et am feld muss sin!
häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.05.2007 16:49
#32 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

huhu dechi!

endlesch emol een matt eeer!

oft kritiseiert huet hien e freideg gewisen wou den hummer hänkt!

merci dech, bleiw ewei´s de bass, och waan mer emol net esou matt der zefridden sin!

komesch hien as ex-schefflenger!!!???!!!

cu

Hooligan Offline



Beiträge: 138

22.05.2007 16:53
#33 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Jo Jongen, wann ech richteg liesen an dono norechnen, dann hunn mer naechst Saison mat eiser 1. e liiten Probleem, well sou vill Spiller hunn mer bis elo net, keen Auslaenner, an och soss gesait et am Moment duester aus! Bon ech hoffen mer kreien nach e puer Spiller bai, soss mussen mer geschwen mat der 2. Equipe oplaafen.

Bon bis dann

Aeren treien Hauli

detch Offline



Beiträge: 9

22.05.2007 17:02
#34 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Et kurseieren Geruechter duerch den Handball Esch das next Joer keng 2 Equipe mei as.

Dei Star spiller wei den pivot 2020 Schmittofski oder den Aquarium an den fantasteschen Keeper aus der Famill Fanculli

sin schon bei der 1 Equipe ener vertrg geholl

Zumindest bist no der coupfinal waerten des spiller der zweeter net zur verfuegung stoen

Den Bim waer och nomineiert mee leider ass d'nummer 19 vun deem houeren detsch besaat

Hooligan Offline



Beiträge: 138

22.05.2007 17:04
#35 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Schued wann et keng 2. mei get!

häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.05.2007 17:15
#36 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

hauli daat war e witz!

Bim Offline



Beiträge: 115

22.05.2007 17:25
#37 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Also, wa mech net alles täuscht gesait et esou aus:
Sehovic, Linster an Paulus sinn net mi do
Kemp, Schroeder, Piticco a Simon + Auslänner sinn elo scho secher
Pivot 2020 mecht eng Paus
seven fänkt erem un
pulli kennt bai

-4 + 7 = +3

Maer hun also elo scchon 3 Seniorsspiller méi wi d'lescht saison a wee wees waat sech nach deet !!!!

Keen as frou datt mer all Joers Spiller verléieren mais sidd dach emol cool a sprangt net op all dommeet di vun eis (an eise spiller) verzielt ginn.
Ass Iech nach net opgefall datt et sech oft em gezilten Falschinformatiounen handelt.
Vill sinn einfach nemmen jalous op eise Succès an op eis Soidaritéit.

E klengen Historique:

Beim Fesch senger Dopingsaffair hu verschidde Leit schon posaunt daat wier d'Enn vum fresch fusionnéierte Verain
Bei eisem 2. Fall si mer och cool bliwen
Wou d'Eltere Fesch opgehalen hun (matt hirer formidabeler Aarbecht) huet d'ganzt Land gemengt elo wier et bei eis am Jugendberaich eriwer. Tout au contraire VILLMOOLS MERCI der JK.
Noodeems de Roby sech net mei sou vill wi fréier engagéiert hun se am ganze Land gezielt maer wieren faillite.
Maer hu reagéiet an eise Budget no ennen ugepasst. Och op den 22.05.07 huet den Handball Esch kee Frang Schold.Bleiwt einfach roueg!!!!!!
Un der Spetzt vum Handball Esch sti Leit di secherlech net emmer alles richteg machen, awer matt Leiw a Séil bei der Saach sinn.


Ech kann der assemblée générale vum 14.06.07 scho viirgreifen an iech soen datt 2 Démissiounen am Comité schon matt 2 neie Kandidaturen kompenséiert sinn. selbstverständlech si mer frouh fir all Matthëllef. Dëst gellt besonnesch och fir de Jugenberaich (secrétaires-cronométreurs an accompagnagteurs) an Arbitteren.

Et geet emmer weider......

Aeren Pivot 2020




susi Offline



Beiträge: 95

22.05.2007 18:08
#38 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Hallo där Maisecher !

Ech mengen et gët zäit dass e bessi "bon sens" an dëse forum kënnt, d'Susi muss mat séngem weibleche geschéck d'jongen berouegen.
Also wou wuare mer drun ......??

1. Gratulatioun eise borschten fier deen formidablen mätsch läschte freiden, den CHAMPION 2006/2007 hudd der ierch verdingt. Och wann d'resonanz an de medien ze wënschen iwreg léisst, dat gëllt zu Lëtzebuerg fier den Handball am allgemengen, Champion as nach ëmmer Chamipon. An dat mat enger "équipe de transition" ...

2. Et gët eng rei vun ännerungen, dat as normal, an och normal as et dass et méi wéi deet wann leit fortgin déi engem un d'härz gewuess sin, an déi en veräin verloossen wou d'leit sech gudd verstinn. Mär sin halt eng grouss famill an do muss een déi décisiounen vun deene leit respektéieren, esou wéi sie déi décisiounen mussen assuméieren. An et sollt een an der éischter enttäuschung keng sachen machen oder soen déi engem härno leed din. En "au revoir" sollt keen "adieu" sin. Vergiesst nët dass zwee vun den dräi spiller déi eis verloossen versprach hun erëm ze kommen, wann se mat hierem studium färdeg sin. Also sidd eréicht béis mat hinnen wann se hiert wuert nët aléisen!

3. Bei den auslänner as d'situatioun einfach: un de perdu, dix de retrouvés. Auslännesch handballspiller wuessen hannert dem fréieren eisernen rido op de beem, verloost ierch drop. De comité muss sech ploen, flucht iwert déi efforten déi en fier den omer gemaach huet an as zudéift getoufft, mee e replassang wärt sëch fannen, do kënnt der drop vertrauen.

4. Ausserdem sin eis Comitésleit jo nët op de kap gefall, a wëssen dass wann spiller de veräin verloosen, aner spiller sëcher interesséiert sin bei e veräin ze goen wou eng gudd stemmung as, e verlässleche comité, trei sponsoren, competent traineren an last but not least d'perspektiv fier titelen ze gewannen. Titelen gewannen geet säit 10 joer just zu Esch oder zu Bierchem. Zu Bierchem spillen 2 auslänner 60 minuten, al mätsch. Esch as fier en gudden lëtzebuerger spiller deen éiergäitz huet, sëch wëll verbesseren ëmmer eng interessnt optioun, an dat wëssen och eis Comitésleit. Wéi de Bim et seet, wann elo eis dullessen de kapp nët verléieren, dann as d'spillerbilanz d'nächst joer sëcher positiv.

5. Conclusioun: MER SIN CHAMPION, mer hun d'nächst joer eng komplett an kompetitiv equipe, an esouguer eng potentiell champions-zweetequipe, en engagéierten comité, en treie sponsor an e competenten trainer.

WOU AS DE PROBLEM ????

Nuecht,

Ärt Susi



häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.05.2007 19:58
#39 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

huhu susibeibi!

daat hues du schein geschriwwen! respekt

mais du bass jo net fir neischt esou laang an d´schoul gaang

HB ESCH - NOM CHAMPIONNAT AS VIRUM CHAMPIONNAT

HB ESCH II - BACK TO THE ROOTS

ären haecki karahenningschmittzeyer

Hooligan Offline



Beiträge: 138

22.05.2007 22:09
#40 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Wollt den Lsky just froen ob dei Fotoen vun eisem Match zu Peiteng hei ob de Site kommen oder net?

Merci am Vieraus

Aeren Hauli

LSky Offline




Beiträge: 464

23.05.2007 09:00
#41 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Léiwen Hool,

D'Photoen kommen hei op de Site esoubal se faerdeg sin an esoubal ech un de Webmaster kommen fir him déi ze gin!
Wat nët esou einfach ass well ech hien elo wou d'Saison eriwwer ass kaum waert gesinn.

Also GEDULD.

PS. mir haten keen wäitwenkel dobäi. ;-)

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

23.05.2007 09:03
#42 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

ech kennen do een deen se dropsetzt! hien muss just d'photoen kréien!
hien behällt awer d'recht op zensur...

LSky Offline




Beiträge: 464

23.05.2007 09:05
#43 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Dann kritt deen en donneschdeg e SAAK voll aarbecht mat heem!

wolli Offline



Beiträge: 114

23.05.2007 09:26
#44 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

Fir nach eng keier op den spiller exodus zereck ze kommen, am quotidien kann en haut liesen dat Red Boys Deifferdic en neien treiner krit, dat as och en mat "ic" hannen an zouffeleger weis en ex-matspiller vum seho, do kann jo lo jidderen sech seng menung dozu billen, wei och emmer, un dei, dei eis verlossen vill gleck (ausser geint esch) an merci, an un dei nei herrzlech welkomm.

@haecki: No der grandiouser 100% Esch t-shirt action wei waer et mat enger Handball Esch Champion t-shirt action?

häckefransous Offline



Beiträge: 763

23.05.2007 09:56
#45 RE: ERTEELREPORTARSCH !!! Antworten

huhu wollibeibi!

eng gudd idee, mais wou verkaafen mer dei???

ech starten next joer e puer weider aktiounen, wei schaaler an kaapen!

mol kucken...

100% HANDBALL ESCH

Seiten 1 | 2 | 3 | 4
«« Paintball
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz