Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 37 Antworten
und wurde 2.022 mal aufgerufen
 Matchs
Seiten 1 | 2 | 3
Bim Offline



Beiträge: 115

21.03.2007 12:11
#16 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

léift Susi,
Gehei mol e Bleck op deng Carte d'Identité. Da mierks de dass de net solls an engem Scolaires-Championnat matmeschen wou et der einfach ze séier geet. Lo hu mer de Misère. Claquage amplaz Knackaarsch. Mais wi soot schon den GBB "naischt man as och net gudd" an dofir 100 pompes et 100 sit-ups!!! Waat huet de Nr6? Gett eng Plaz um Pivot frai?
De Baltes schengt jo net mi opzehale sin.....leider as d'saison geschwenn eriwer!

susi Offline



Beiträge: 95

21.03.2007 13:40
#17 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Bimennium,

Du eleng hues déi enigma ëm de rom6 geknackt. 100 Punkten. Du hues schon recht dass ech esou lues al gin fier déi pisserten, mee et wuar soss keen do. Mer haaten am ufank nëmmen een op der bänk (den Häuli) an do as de rom6 ausgefall, an dun ech, an do hun se zu fënnef weidergespillt, an dun huet den RealFreeStyler de kalzong gedréint an d'säiten gewiesselt.

Eis problemer sin zum deel hausgemaacht: eise coach wollt eis e bessi lafen din an huet gemengt mer sollen eng 4:2 spillen, och fier esou eis borschten bei den benjamin'en kënnen ze schounen. Leider as do am iweräifer eisen Martin "Mad Max" Muller dem rom6 mat séngem spatze knéi an de kuisen gelaaf. Diagnos: pärdskuss, awer zeguddstert! Dofir soll s'de e freiden den owend näischt fettëges iessen, mat zäit an d'bett an d'hänn iwert d'decken. Da bas de e samschten a form, "au cas oú".

Däin Susi

LSky Offline




Beiträge: 464

21.03.2007 14:23
#18 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten
Oh mon dieu. Et kann een iech awer nët aleng loossen!
Susi du bass eendeiteg iwwertrainéiert. Gönn der roueg emol eng Paus.

De Bimissimus Maximus Grandiosus bleiwt bei den Old-Stars, kommt guer nët op domm Gedanken.

P.S. Wéi ass et mat eisem neien, war hien an den Medico?

Hooligan Offline



Beiträge: 138

21.03.2007 14:35
#19 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

De Ken wuar an de Medico, heen ass vlait e Sonnden dobai. Mer gesinn eis mol den Owend um Training vun der 2.! Eisen Neien waert och présent sinn.

Also bis den Owend

Aeren Hauli

@l@in Offline



Beiträge: 32

21.03.2007 14:38
#20 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Nee de Ken spillt net mat e Sonnden kann ech hei soen --> Medico net gepackt.

@Hauli geeste virdrun mat an de fitness?? Kommen och vlait mat op 2.equipstrainig

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

21.03.2007 14:40
#21 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

ech kann zu all dem hei just soen:

je voulte bien mä je pouvte pas!

LSky Offline




Beiträge: 464

21.03.2007 14:45
#22 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Ech wëll iech nët durcherneenbrengen mee ech hun nët direkt un de Ken geduecht.
Eischter un e Format XXXXL

Hooligan Offline



Beiträge: 138

21.03.2007 14:47
#23 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Luko? Wees dann een eppes vun deem?

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.03.2007 14:48
#24 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

huhu dir !

wann et net esou eecht wär, keint ech mech jo freckt laachen iwert är kommentaren hei!

mä ewei den elskei schons seet: "Kann een ärsch wirklech net eleng loosen???"

geint miersch as eng victoire fatal wichteg, soss gett de reckstand einfach ze grouss op de équippen virun eis!

@ susi: e bessi eis all daag, gudd fest geteipt e sonnden - da geet daat schons! du bass dach keen fussballspiller!

wei geseit et dann soss matt eisen reckraumtussen aus? den Dr. S as do (soot hien zu mir!) a soss???



oder muss den haecki (alias dutschebajew) erem d´eisen aus dem feier zeien???


zum schluss nach eng fro: GETT METTWOCHS NACH EMMER FUSSBALL EM 20:30 GESPILLT???

bis dann ären

&

LSky Offline




Beiträge: 464

21.03.2007 15:11
#25 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

@Häcki alias (DuschDachEndlech)

Gehs du den owend trainéieren? Loosss dat léiwer sinn. Du dees der nach wéih.

häckefransous Offline



Beiträge: 763

21.03.2007 17:04
#26 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

huhu elskei!

ech träneieeren mam tanja d´seechbecksen vum hb esch!

duerno keint ech derbei sin!!! sin der dann genug do???

oder huet een loscht op eng ronn

HB ESCH II - ENG SCHWARZ-WEISS KAMPFMASCHINN

ären

Bim Offline



Beiträge: 115

21.03.2007 17:24
#27 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

jo et sin der genuch do
bis den owend

häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.03.2007 10:30
#28 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

huhu!

wollt just soen, dass ausser dem bim (???) keen sech gescht beim fussball wei gedoen huet!

ären häcki

Bim Offline



Beiträge: 115

22.03.2007 10:46
#29 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Hu mer net wéigedoen.....schoune mech just fir e Sonnden!!!

LSky Offline




Beiträge: 464

22.03.2007 10:48
#30 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Häckefransous bass du rem tätlech gin?


Wat machen mir ouni eisen Magnus Bimlander?

Seiten 1 | 2 | 3
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz