Sie sind vermutlich noch nicht im Forum angemeldet - Klicken Sie hier um sich kostenlos anzumelden  
Forum vum Handball Esch

Sie können sich hier anmelden
Dieses Thema hat 37 Antworten
und wurde 2.017 mal aufgerufen
 Matchs
Seiten 1 | 2 | 3
häckefransous Offline



Beiträge: 763

22.03.2007 11:19
#31 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

huhu!

ech wees et net! ouni bimsalabim as et op jidderfall net esou schein!

mä den oesi, och genannt den "oesi", as vlait do! hien get sech mei, huet hien mer versprach!

en plus as den hauli jo elo fir d´juniorsnationaléquipe noselektionnationaliseiert gin!

quo vadis letzebuerger handball???

egaal, freeen mech elo schons op eng gudd pizza nom mätch!!!

ären häcki

Collina Offline



Beiträge: 45

26.03.2007 06:45
#32 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Salut alleguer.
Ech si schon op der Arbecht an sin nach vill mitt nom Mätch vun geschter
Geschter hate mer alleguer een schlechten Dag awer mär loossen den Kapp net Hänken
well den nächsten Mätch steet schon erem virun der Dir
Leider hun mer erem een Verletzten ze bekloen Hoffen dat den Romain net zevill weih huet
an geschwenn erem bei eis asSou bis dann Collina

Bim Offline



Beiträge: 115

26.03.2007 12:03
#33 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Hallöchen,
Ouni Reckraum wuar et geschter e bessi "Mission impossible". schléisse mech dem Collina un a wenschen dem Schock eng gudd Besserung. Hoffentlech huet heen de mueren net missten mat lenks opréieren. Ech wier frouh wann de 14. Abrëll eis "gros bras'en erem all um Dill wieren.
Aren pivot 2020 as dann aus dem Hoehentraining zereck a bestemmt net mi opzehalen!
So long schein Ouschteren a passt op Aer Eer op !

häckefransous Offline



Beiträge: 763

26.03.2007 12:04
#34 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

huhu dir !

eng batter nidderlaag huet den HB ESCH II gescht missen zu miersch erleiden!

dozou e puer fakten: dei uwiesend spiller, dei ewei emmer alles probeiert hun, haaten gescht wirklech net hieren allerbeschten daag erwescht! eng katastrophal chancenauswertung, dei hiresgleichen sicht, hun eng victoire net zougelooss!

dozou muss gessot gin, dass den HB ESCH II momentan eng verletztenmisère duerchmecht, dei hiresgleichen sicht.

susi, bino and gescht och nach eisen dotore (gudd besserung vun hei), daat as eis momentan komplett 2. reih!

zousätzlesch sin verschidden leit seit wochen verscholl! wou sin se hin???

mir mussen eppes maachen! eng 2. équipe as wichteg an esou kann et net weidergoen!

merci deenen dei do waren, an un dei verschollen: SCHUMMT IECH!

mei gett et net ze soen

HB ESCH II - LEIDER ZE OFT AM STACH GELOOS

susi Offline



Beiträge: 95

26.03.2007 14:25
#35 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten


Eieiei,

Muss jo schlëmm gewierscht sin gëscht zu miersch. Dobai hat den Häuli sech an de leschte wochen esou formidabel entwéckelt dass grouss hoffnungen opgekeimt sin. Alles fier d'kaaz. Nach ee gléck dass d'éischt dëse week-end fier de veräin d'käschten aus dem feier geholl huet.

All deenen daperen spiller déi eis foarwen (schwarz a wäiss ???) an der adversitéit mat vill asaatz an abnégatioun verteidegt hun: RESPEKT !! Dem schockela eng gudd besserung.

Ech därft fier deen nächsten mätch nees opgeriicht sin, hoffentlech sin déi aaner bras fort'en dann och nees derbäi. Schued dass et personalméisseg dës saison an der zweeter no alles oder näischt leeft: entweder mer hun der zevill oder mer stinn mat engem fouss am forfait respektiv mer mussen eis de kalzong iwert de kapp zéie loossen.

Ech mengen mer bräichten fier d'nächst saison e captain, obschon déi funktioun am modernen handball jo oofgeschaaf gin as. Nennen mer en alt den G.O. vun der zweeter, deen sëch drëms këmmere géif d'équipe mëttelfristeg zesummen ze stellen an esou sëcher ze stellen dass der weder zevill nach nët genuch do sin oder nëmmen gudder, schlechter, décker, dënner, grousser, klenger, lénks-a-rietshänner, espoiren an amiperas.... Mat esou enger planifikatioun kéinte mer sëcherstellen dass nët ëmmer déi selwescht de pelz mussen dohinner haalen, anerer nët ze kuerz kommen. Wat mengt der ?

Eng aner funktion wär och nach interessant ze besetzen: de präposä vun der béierkëscht. Ech hätt do un eisen Häuli geduercht...

Bis geschwënn an aler verfassung,

Ärt Susi

Mireille Offline



Beiträge: 1

02.04.2007 21:37
#36 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

I Bim

iuataokingtumi? Offline




Beiträge: 282

03.04.2007 16:58
#37 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

Dat wësse mir Alleguerten ;o)
Mir hun hien jo och schrecklech gäer...

häckefransous Offline



Beiträge: 763

04.04.2007 08:34
#38 RE: Miersch 2- Esch 2 Antworten

et geet esou!

Seiten 1 | 2 | 3
 Sprung  
www.handballesch.lu
Xobor Forum Software von Xobor.de
Einfach ein Forum erstellen
Datenschutz